Chambre d'agriculture
| Chambre d'agriculture (Landwirtschaftskummer) | |
|---|---|
![]() | |
| Typ | Ëffentlecht Etablissement |
| Grënnungsdatum | 04.04.1924 |
| Sëtz |
261, route d'Arlon L-8011 Stroossen |
| Generaldirekter | Paul Marceul (Direkter) |
| Branche | Beruffschamber |
| Homepage | www.lwk.lu |
|
| |
D'Chambre d'agriculture oder d'Landwirtschaftskummer (LWK) zu Lëtzebuerg ass d'Beruffschamber vun de Baueren, Wënzer a Gäertner. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Duerch d'Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf eng legal Basis fir d'Landwirtschaftskummer a véier aner Beruffschambere geschaaft.
Well d'Landwirtschaftskummer awer engersäits am ëffentleche Liewen net déi Bedeitung krut, wéi de Legislateur dat mat der Grënnung bezweckt hat an och well et anersäits zanter der Liberatioun keng offiziell gewielt Vertriedung fir d'Landwirtschaft méi gouf, ass op Basis vum groussherzoglechen Arrêté vum 10. Oktober 1945[2] e Gremium bannent der Bauerenzentral geschaaft ginn, fir d'Attributiounen an d'Funktioune vun der Landwirtschaftskummer z'iwwerhuelen. Dëse Gremium war ënnert dem Numm Conseil national de l'agriculture[3] bekannt, och wann den Numm net am Arrêté festgehale gouf.
Et huet iwwer véierzeg Joer gedauert bis dat modifizéiert Gesetz vum 4. Abrëll 1924 ëmgeännert an erweidert gouf an du mam Gesetz vum 7. September 1987[4] de Fonctionnement an de Walmodus vun der Landwirtschaftskummer festgeluecht gouf. De 14. Juli 1988 war d'Landwirtschaftskummer du fest installéiert[5].
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Verwaltungsrot vun der LWK besteet aus 19 Memberen. Dovu si 15 Baueren, dräi Wënzer an ee Gäertner. Fënnef vun de Membere bilden de Comité.
| Period | President |
|---|---|
| ... | Lamoral de Villers |
| ... | |
| 1945 - 1971 | Jules Meyers |
| 1971 - 1984 | René Wester |
| 1984 - 1988 | Norbert Funck |
| 1988 - 2018 | Marco Gaasch |
| 2018-2024 | Guy Feyder |
| 2024- | Christian Hahn |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt den 12.09.2020.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 10 octobre 1945 portant modification de la loi du 4 avril 1924, concernant la création de chambres professionnelles. legilux.public.lu (10.10.1945). Gekuckt den 12.09.2020.
- ↑ C.N.A. war Joerzéngte laang als offiziell Ofkierzung vum « Conseil national de l'agriculture » bekannt, haut ass de selwechte Kierzel fir de Centre national de l'audiovisuel geleefeg.
- ↑ (fr) Loi du 7 septembre 1987 modifiant et complétant la loi modifié du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (07.09.1987). Gekuckt den 12.09.2020.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 29 juin 1988 portant installation de la Chambre d'Agriculture. legilux.public.lu (29.06.1988). Gekuckt den 12.09.2020.

