Sozialwalen

Vu Wikipedia

D'Sozialwalen zu Lëtzebuerg bestinn engersäits aus de Wale bei deem d'Salariat hir Vertrieder an de Beruffschambere wielt an anerersäits aus den Delegatiounswalen an de Betriber mat méi wéi 15 Leit.

Wale fir d'Beruffschamberen[änneren | Quelltext änneren]

Jiddereen deen zu Lëtzebuerg schafft oder pensionéiert ass an deen an d'Zoustännegkeet vun enger vun de Beruffschambere fält, ass zwangsleefeg Member vun dëser Chamber. D'Zesummesetzung vun de Beruffschambere gëtt all fënnef Joer duerch Wale bannent all de Beruffsgruppe bestëmmt, fir déi déi eenzel Kummeren zoustänneg sinn. All Member, ob Lëtzebuerger oder Auslänner, kann en aktiivt a passiivt Walrecht ausüben.

D'Vertrieder vun der Salariatskummer gi vun de Salariéen an de Pensionären aus dem Privatsecteur gewielt. Zu de Wieler gehéieren och z. B. déi Auslänner déi zu Lëtzebuerg schaffen, d'Léierbouwen a -meedercher grad ewéi d'Personal vun der CFL.

Fir Staatsbeamtekummer ginn d'Vertrieder vum Personal aus dem ëffentleche Secteur (Staats- a Gemengebeamten an -employéen) gewielt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Beruffschamber.

Wéi gëtt gewielt?[änneren | Quelltext änneren]

Stëmmziedel fir de Grupp 6

Ronn 525.000 Leit kënne bei de Wale fir d'Salariatskummer (Mäerz 2019) wielen[1], 2015 waren et fir d'Wal vun der Staatsbeamtekummer ronn 43.600 Wieler[2]. D'Wieler kréien de Stëmmziedel mat Instruktioune vun hirem Walbüro mat der Post geschéckt. Wéi bei de Chamber- oder Gemengewalen, kann de Wieler entweeder:

  • enger eenzeger Lëscht seng ganz Stëmme ginn andeem en d'Këscht iwwer der Lëscht schwäerzt oder ukräizt oder
  • andeems en verschiddene Kandidaten eng oder zwou Stëmme gëtt andeems en d'Këschten hannert de jeeweilegen Nimm ukräizt.

All Wieler kann nëmmen esouvill Stëmme vergi wéi Memberen a senger Beruffsgrupp ze wiele sinn. Fir d'Salariatskummer sinn et z. B. an der Grupp 6 vun de Salariéen 8 Memberen (4 effektiv Memberen + 4 Ersatzmemberen) ze wielen; bei de Pensionären (Grupp 9) sinn et 12 Memberen (6 effektiv Memberen + 6 Ersatzmemberen).

Den ausgefëllte Stëmmziedel muss an d'anonym Enveloppe gestacht ginn, déi dann an eng méi grouss Enveloppe gestach a mat der Post un de Walbüro zeréck geschéckt gëtt.

Wéini gëtt gewielt?[änneren | Quelltext änneren]

D'Sozialwale sinn all fënnef Joer. D'Wal fir d'Salariatskummer ass am Februar oder Mäerz; bis 2013 war se am Oktober oder November, mä fir datt se net an de Schied vun de Chamberwale fale sollt, gouf den Termäin an d'Fréijoer 2019 verréckelt[3],[4]. De geneeën Datum gëtt vum Aarbechtsminister festgeluecht.

Rezent / nächst Wale fir...
Salariatskummer Staatsbeamtekummer
... ...
12. November 2008 Mäerz 2010
13. November 2013 20. Mäerz 2015
12. Mäerz 2019 Februar/Mäerz 2020
Februar/Mäerz 2024

Sozialwalen 2019[änneren | Quelltext änneren]

Sëtzverdeelung an der Chambre des salariés no de Wale vum Mäerz 2019[5]
Gewerkschaft Sëtz 2019 Differenz zu 2013
Aleba 4 0
Landesverband 2 0
LCGB 18 + 3
OGBL 35 - 3
Syprolux 1 0

Delegatiounswalen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sozialwalen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Annette Welsch, Wahlkampagne mit mehr Mindestlohn und zusätzlicher Urlaubswoche op wort.lu den 8. Januar 2019, gekuckt den 23. Februar 2019
  2. Sozialwahlen im öffentlichen Dienst: CGFP großer Gewinner op wort.lu den 9. Abrëll 2015, gekuckt den 23. Februar 2019
  3. Loi du 7 mai 2018 portant modification (...) de la loi modifiée du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective op legilux.lu, gekuckt den 23. Februar 2019
  4. Sozialwahlen finden erst 2019 statt op wort.lu den 19. Abrëll 2018, gekuckt den 23. Februar 2019
  5. OGBL bleift stäerkst Kraaft, verléiert awer 3 Sëtzt un den LCGB op rtl.lu den 31. Mäerz 2019