Chambre des fonctionnaires et employés publics

Vu Wikipedia
Chambre des fonctionnaires et employés publics
(Staatsbeamtekummer)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 12.02.1964
Sëtz 26 Boulevard Royal
L-2449Lëtzebuerg
Leedung Romain Wolff (President)
Branche Beruffschamber
Homepage www.chfep.lu

Chambre des fonctionnaires et employés publics ass den offiziellen Numm vun der Staatsbeamtekummer (och alt Staatsbeamtekammer) zu Lëtzebuerg, der Beruffschamber vun de Beamten an Employéen aus dem ëffentleche Secteur. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Mam Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut an et sinn deemools fënnef Beruffschamberen an d'Liewe geruff ginn. Dozou hunn ë. a. d'Handelskummer, d'Handwierkerkummer an d'Privatbeamtekummer gehéiert. D'Chambre des fonctionnaires et employés publics krut eréischt duerch Gesetz vum 12. Februar 1964[2] eng legal Basis an 1965 goufen déi éischt Walen dofir organiséiert.

Kompetenz[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert d'Kompetenz vun der Staatsbeamtekummer falen ë. a. follgend Aufgaben[3]:

  • déi materiell a moralesch Interessie vum Personal aus dem ëffentlechen Déngscht schützen a verdeedegen an de Respekt vun de Gesetzer a Reglementer sécherstellen;
  • en Avis ofgi bei alle Gesetzesprojeten a -propositiounen déi d'Personal aus dem ëffentlechen Déngscht betreffen;
  • der Regierung Propositioune maache fir d'Organisatioun, d'Aarbechtskonditiounen a -methode vum ëffentlechen Déngscht ze verbesseren.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Staatsbeamtekummer
Period President
1965-1970 Paul Schroeder
1970-1990 Félix Haas
1990-2000 Joseph Daleiden
2000-2015 Emil Haag
Zanter dem 29. Juni 2015 Romain Wolff

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  2. Loi du 12 février 1964 ayant pour objet de compléter la loi du 4 avril 1924, portant création de chambres professionnelles à base élective par la création d'une chambre des fonctionnaires et employés publics. ata.legilux.public.lu (12.02.1964). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  3. Artikel 43bis vum geännerte Gesetz vun 1924