Boulevard Royal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Boulevard Royal
Luxembourg - bd Royal - nom de rue.jpg
Numm fr: Boulevard Royal
Fréieren Numm fr: Boulevard du Roi
de: Königsring
Deel vun Nationalstrooss 7
Längt ca. 770 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2449
Koordinaten 49° 36’ 41.3’’ N
     06° 07’ 33.5’’ O

De Boulevard Royal ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Si féiert ëm den historesche Stadkär a verbënnt am Norden den Eecherbierg, respektiv den Ausgang vum Hellege-Geescht-Tunnel, mat am Süden der Adolphe-Bréck an doriwwer eraus der Neier Avenue a Richtung Gare. E féiert op der ganzer Längt iwwer d'Nationalstrooss 7.

De Boulevard Royal gouf an den 1870er Joren op den ale Festungswierker vun der Festung Lëtzebuerg ugeluecht, déi ofgerappt gi waren. Den Numm, op enger Kaart vun 1890 och Boulevard du Roi genannt, bezitt sech op de Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Königsring” geheescht[2].

Bis an d'1970er an 1980er Jore stoungen do eng Rëtsch Villae mat klenge Parke ronderëm. Mat der Entwécklung vun der Finanzplaz sinn dës no an no ofgerappt ginn an duerch Bürosgebaier oder Hoteller ersat ginn.

Och d'Aldringer-Schoul, nieft der Post, gouf ofgerappt, an an d'Plaz koum de Centre Hamilius an eng Busgare mat engem ënnerierdesche Passage an do drënner e Parking. De Parking an d'Busgare goufen den 31. Mee 2015 zougemaach an d'Gebai gouf am Summer 2015 ofgerappt fir duerch en neien Immobilieprojet, Royal Hamilius genannt, ersat ze ginn.

Eent vun de wéinegen erhalene Gebaier vun Enn vum 19. Joerhonnert ass de Sëtz vun der Lëtzebuerger Zentralbank, dat virdrun der BIL gehéiert huet, an d'hënnescht Fassad vun der aler Schwämm.

Bemierkenswäert Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

(déi nach bestinn, oder déi mëttlerweil nees ofgerappt goufen)

Skulpturen um Boulevard Royal[änneren | Quelltext änneren]

Weider Skulpturen déi do stounge waren d'Interpénétration vum Lucien Wercollier (op Nr. 10A) a La grande Tempérance vun der Niki de Saint Phalle (op Nr. 51).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Philippart, 2014, Le chantier Royal-Hamilius commence. Il était une fois le boulevard Royal. Le patrimoine bâti disparu de nos jours. Die Warte vum 27. Februar 2014, S. 6-7.
  • Robert Philippart, 2014, Le chantier Royal-Hamilius commence (II). Il était une fois le boulevard Royal. Le patrimoine bâti disparu de nos jours Die Warte vum 6. Mäerz 2014, S. 5.
  • Robert Philippart, 2012. Le chantier Royal-Hamilius est lancé. Le boulevard Royal - emblématique du développement de la ville. Die Warte vum 27. September 2012, S. 4-5.
  • Denis Scuto, 1995. Un crime de lèse-beauté : le Boulevard Royal, Luxembourg-Ville. Tageblatt Nr. 86 vum 13. Abrëll 1995, S. 11.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard Royal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Beck, Henri, ons stad, Nr. 59, 1998
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  3. (C.), 2011. Marienstatue am Bd Royal in neuer Pracht. Luxemburger Wort vum 1. Oktober 2011, S. 42. Dës Statu ass déi eenzeg, déi vun deem Haus Rescht ass, dat an den 1980er Joren ofgerappt gouf, fir dat aktuellt Gebai opzeriichten. Si war och do um Eck ubruecht.
  4. Den Architekt Charles Arendt hat dës Statu op der Fassad vu sengem Haus installéiere gelooss. - Robert L. Philippart, 2015. Signe, sens et symbole. ons stad 110: S. 21.