Yvette Gastauer-Claire
Ausgesinn
| Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Yvette Gastauer-Claire | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Mee 1957 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Sculptrice, Medailleuse |
| Famill | |
| Kanner | Ben Gastauer |
| Websäit | http://www.gastauer.lu/ |
|
| |

D'Yvette Gastauer-Claire, gebuer den 29. Mee 1957 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng lëtzebuergesch Sculptrice.
Vun 1974 bis 1979 war si Schülerin op der Sektioun Beaux-Arts an der École des arts et métiers um Lampertsbierg.
Si huet den Entworf fir déi national Säite vun den aacht lëtzebuergeschen Euromënze vum Groussherzog Henri gemaach.
D'Yvette Gastauer-Claire ass d'Mamm vum Cycliste Ben Gastauer[2], vum Sven Gastauer a vun der Nora Gastauer
Wierker am ëffentleche Raum
[änneren | Quelltext änneren]- Sprangbur "Wou dat roud Gold gegruewe gouf" zu Diddeleng (1992)
- Erënnerungsmedail fir de 40. Joresdag vun der Vëlossportlerin Elsy Jacobs hirem Weltmeeschtertitel (1998)
- Den Design vun der nationaler Säit vun de lëtzebuergeschen Euromënzen (1999)
- Skulptur als Erënnerung un den Nicolas Rollinger zu Koplescht (2001)
- De Feierstëppeler virun der Zentralbank an der Stad Lëtzebuerg (2002)
- Skulptur De Schëfflenger an Zesummenaabecht mat der Solange Wozniak zu Schëffleng (2004)
- Monument fir déi italieenesch Immigranten Porte d'Italie am italieenesche Quartier zu Diddeleng (2007)
- Skulptur Hellege Willibrord an der Kierch zu Monnerech (2009)
- Land'Art Arche Noah zu Beetebuerg (2010)
- Erënnerungsplacke fir d'Elsy Jacobs an de Charly Gaul am Stadpark zu Lëtzebuerg (2011)
- Ensembel vu Skulpturen an Zesummenaabecht mat der Solange Wozniak zu Éiere vum Louis Fichet[3] zu Grouss-Hetteng (2011)
- Bronze Die Reisende zu Kaarst-Holzbüttgen (2015)
- Bronze Skulpturen De Wënzer bei senger Aarbecht zu Éinen (2014)[4]
- Bronze Plack zu Éiere vum Will Hoffmann zu Esch (2014)
- Aluminium Skulptur De Mënsch - l'Être humain zu Stengefort (2016)
- Bronze Skulptur um Belval als Erënnerung un d'Cyclocross Weltmeeschterschaft zu Bieles (2018)
- Ensembel 'Footprint' mat +/- 80 Foussspueren am Eisegoss vun der internationaler Kommunitéit vu Schëffleng an der Bronzeskulptur 'la vie en commun' (2022)
- Bronze Skulptur 'De Péitenger Wandjang' virun der Gare zu Péiteng (2023)
- 'Madame' Skulptur aus Styrodur virun der Konschtgalerie vum Schëfflenger Konschthaus
