Éinen

Vu Wikipedia
Éinen
An enger Gaass zu Éinen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Ehnen
de: Ehnen
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Wuermer
Buergermeeschter Max Hengel (CSV)
Awunner 903
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 139 m
Koordinaten 49° 36’ 08’’ N
      06° 23’ 15’’ O

Éinen ass e Wënzerduerf an der Gemeng Wuermer.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Éinen läit an zwéi Säitendäller vun der Musel, déi een Deel vun der Waassergrenz tëscht Däitschland a Lëtzebuerg mécht. Op dësem Deel tëscht Schengen a Waasserbëlleg läit Éinen ongeféier op der Mëtt.

D'Säitendäller gi gemaach vun der Lennenger Baach an der Gouschtenger Baach, déi zu Éinen zesummelafen, an dann no ongeféier 270 m vun der Musel mat weidergeholl ginn.

Nopeschdierfer vun Éinen sinn:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éinen mat den Nopeschdierfer huet fréier zum Haff Lenneng gehéiert, dee vun 967 bis 1795 den Doumhäre vun Tréier ënnerstanen huet.

Wichteg Wäilagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Éinerbierg
  • Kelterbierg
  • Meeschteeschbierg
  • Rousemen

Clibb zu Éinen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'"Schuemeschhaus" vu 1592, en typescht Wënzerhaus
  • Déi kleng Gaassen am alen Deel vum Duerf
  • De Wäimusée Éinen
  • d'Rochuskierch zu Éinen, déi eenzeg ronn Kierch am Land
  • Den "Doumhärebau mat der Zéngtelscheier"
  • De "Casino", e fréieren Dominikanerrefugium
  • Den Hiltebau mat Duerchgank bis an d'Kierch
  • Schengtgeshaus
  • "Closenhaus"
  • "Lamothhaus"
  • "Geisenhaff"
  • Ieselsbréck
  • Nikloskapell
  • "Nonnenhaischen" an der Casinosgaass
  • "Fohlshaus" am Millewee
  • "Bréckeschhaus"
  • "Domhäremillen" an der Borreg
  • "Al Schoumesch"
  • "Eechamt"
  • "Zärenhaus" an der Frongaass

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Éinen S. 99-119)
  • Groben, Joseph: Ehnen - Chronik eines Moseldorfes, 2014, Verlag M. Weyand, Tréier, 414. S., ISBN 978-3-942429-10-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Éinen – Biller, Videoen oder Audiodateien