Wäimusée Éinen
De Wäimusée Éinen ass e Musée op der Wäistrooss 115 zu Éinen, an deem d'Geschicht vum Wäibau zu Lëtzebuerg explizéiert gëtt. De Musée dee vum Tourismusveräin (Entente touristique de la Moselle) geréiert gëtt, ass aktuell(Oktober 2021) wéinst Ëmbauaarbechten zou[1].
Geschicht vum Gebai
[änneren | Quelltext änneren]De Musée ass ënnerbruecht an engem groussen, ale Wënzerhaus, dat e puer Joerhonnerten der Famill Wellenstein gehéiert huet. D'Famill Wellenstein huet sech 1585 zu Éinen niddergelooss an huet do iwwer vill Generatioune bis 1914 Wäin produzéiert. D'Gebaier goufen an där Zäit an e puer Etappen an de Joren 1686, 1731, 1750 an 1866 vergréissert respektiv zousätzlech Gebaier goufe bäigebaut.
An der Zäit tëscht 1750 an 1866 war d'Famill zu groussem Wuelstand komm a konnt sech zu Dräibuer souguer e klengt Schlass bauen an ënnerhalen.
Ëm 1900 hat d'Famill eng Wäibaufläch vun ca 100 ha an hirem Besëtz; déi ganz Wäibaufläch op der lëtzebuergescher Musel hat déi Zäit ca 1.274 ha.
1914 war de Betrib awer faillite an 1916 hunn d'Ierwen d'Gebaier un d'Notärsfamill Würth vu Wuermer verkaaft. Bis Mëtt den 1930er Joren gouf nach Wäin do produzéiert, duerno hunn nach e puer Familljemembere vun der Famill Würth bis 1964 dra gewunnt. Am Januar 1974 huet de Staat d'Gebai kaaft an no der Renovéierung ass den 20. September 1979 de Wäimusée opgaangen.
Den 2. Mäerz 2018 gouf de Gebaikomplex (ë. a. Haiser Würth a Schengtgen) als national Monumenter klasséiert[2].
Ausstellung
[änneren | Quelltext änneren]Zousätzlech Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- Verwëllefte Festkeller (27 m laang an 9 m breet) fir kulturell Organisatiounen
- Et kann ee Vëloen (och Elektro-Vëloen) do lounen
- Touristebüro am Agank vum Musée
Zukunft vum Musée
[änneren | Quelltext änneren]Et ass virgesinn den aktuelle Musée zerguttst zouzemaachen an e mat engem neie Konzept fréistens 2024 als „Centre Mosellan“ nei ze bedreiwen. Eng Partie vun den ausgestallten Exponate goufen z. B. an d'Possenhaus transferéiert, anerer goufe vum Staat versteet[3].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Prosper Kayser, 2002: Familien Wellenstein und ihre Nachkommen in aller Welt mit den dazugehörigen Familien Gales, Kohll, Legill, Linden und Muller von 1590 bis heute. Inst. Grand-Ducal, Luxembourg 2000, 712 S., ISBN 2-919910-07-8
- Robert Grün, 1997: Familie Wellenstein von Ehnen: verwandte Adelsgeschlechter mit der Familie Wellenstein aus Ehnen, 163 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- A Possen
- Lëscht vu lëtzebuergesche Muséeën
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wuermer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wäimusée Éinen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Wäimusée
- Websäit vun der Entente touristique
- Video iwwer Éinen an de Wäimusée op youtube.com
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Entente touristique de la Moselle, Mentions légales. www.entente-moselle.lu (04.10.2021). Gekuckt de(n) 04.10.2021.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
- ↑ (lb)Wäimusée zu Éinen: Miseler Patrimoine gëtt versteet. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 04.10.2021.