Op den Inhalt sprangen

Wäibau zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

De Wäibau gëtt zu Lëtzebuerg laanscht d'Musel, op enger Streck vun 42 km, vu Schengen bis Waasserbëlleg, an och zu Rouspert op der Sauer praktizéiert. D'Lëtzebuerger Wäibauregioun – déi als « Moselle luxembourgeoise » bezeechent gëtt[1] – huet eng total Fläch vun 1.307 ha, vun deenen 1.295 ha vu Lëtzebuerger an 12 ha vun auslännesche Betriber bewirtschaft ginn (2013).

Geschicht vum Lëtzebuerger Wäin

[änneren | Quelltext änneren]

De Wäibau op der Musel huet eng laang Traditioun. Schonn am Joer 370 huet de réimeschen Dichter Ausonius beschriwwen, datt op den ieweschten Häng laanscht d'Musel Riewe geplanzt goufen, woubäi op den ënneschte Parzellen Akerbau bedriwwe gouf. Am Mëttelalter sinn d'Kléischter du mam Wäibau virugefuer. An dëser méi waarmer Klimaperiod huet sech d'Wéngertsfläch iwwert d'ganzt Land bis an d'Éislek ausgebreet. Nom sougenannte „Joerdausendwanter“ vu 1709 sinn déi Wéngerten awer verschwonnen a just déi an de méi mëllen Däller hunn iwwerlieft, sou wéi mir se haut kennen.[2]

Wann och vu laanger Zäit hier Wäin zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, da war dëse Wäin net duerch eng besonnesch Qualitéit bekannt. Wärend der Zäit vum Zollveräin, zu deem och Lëtzebuerg bis nom Éischte Weltkrich gehéiert huet, ass de lëtzebuergesche Wäi benotzt ginn, fir e mat den däitsche Wäiner ze verschneiden. Qualitéitsufuerderunge goufen net gestallt. Dat huet sech geännert, wéi Lëtzebuerg 1922 der Union économique belgo-luxembourgeoise bäigetratt ass, an Efforten huet misse maachen, fir d'Qualitéit ze verbesseren, besonnesch op follgende Pläng:

  • Méi eng rationell Auswiel vun den ugebaute Riefzorten, mam Zil, Qualitéitswäiner ze produzéieren, an deene Riefzorten eng Preferenz ze ginn, déi méi resistent géint d'Rieflaus sinn;
  • Aféierung vun enger Prime de déblavement, am Hibléck op d'Suppressioun vum Wäinubau a schlechte Lagen;
  • Aféierung vun engem Wäibauperimeter;
  • Schafe vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut 1925;
  • Schafe vun enger Marque nationale, 1935 fir de Lëtzebuerger Wäin an Duerchsetze vu Qualitéitsbestëmmungen;
  • Schafe vun engem Solidaritéitsfong;
  • Promotioun vum Zesummeleeë vun de Parzellen (Remembrement);
  • Kreatioun,1969 vu Protvigne, déi eng geziilt Hëllef soll gi beim Sprëtze vun de Wéngerten an der Bekämpfung vun der Rieflaus;
  • Mëtt vun den 1970er Joren: vill Kellereien ersetzen déi traditionell Holzfässer mat modernen Inox-Tanken, fir de Wäiner méi Frëschheet a Fruuchtegkeet ze ginn[2];
  • Participatioun zanter 2012 um Projet Terroir Moselle.

Fundamental Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]

Vun de bebaute Fläche sinn hautdesdaags(Stand: 2024) 19,2 % mat Rivaner-Riewen ugeplanzt, virum Pinot gris (15,9 %), dem Auxerrois (14,8 %) an dem Pinot blanc an dem Riesling mat jeeweils 13,1 %. Den Elbling, dee fréier[Wéini?] bis zu 90 % vun der Fläch ausgemaach huet, ass op 4,1 % zeréckgefall. Iwwer d'Zäit sinn och Versich mat neien, net-traditionelle Riefzorten op der Musel gemaach ginn, mat ë. a. dem Saint Laurent, dem Dakapo, dem Gamay an dem Muscat Ottonel. Si falen allerdéngs an der Statistik net an d'Gewiicht.

D'Lëtzebuerger Wäiproduktioun ass duerch extreem staark, wiederofhängeg Schwankunge gekennzeechent, wat, wéinst de klengen, fir den Export disponibele Quantitéiten, d'Prospektioun vun auslännesche Mäert schwéier mécht.

Am Joer 2013 ass zu Lëtzebuerg en Total vun 100.889 Hektoliter Wäin op 1.309 ha produzéiert ginn, wat e Rendement vu 77,07 hl/ha ausmécht. Fir d'Joer 2024 louch de Rendement bei 64,23 hl/ha.

Zur Wäiproduktioun hunn 2013 zu Lëtzebuerg bäigedroen:

  • d'Wënzer, déi Member vun enger Genossenschaftskellerei sinn: eppes 58 % vun der Landesproduktioun;
  • d'Privatwënzer: mat ronn 28 % vun der Produktioun;
  • de Wäinhandel: mat eppes wéi 14 % vun der Produktioun.

Ausser dem Wäin, produzéiert d'Lëtzebuerger Musel och nach zanter 1992 Crémant. Lëtzebuerg huet als eenzegt Land nieft Frankräich d'Recht fir d'Bezeechnung Crémant ze benotzen. Beim Crémant mussen d'Wënzer verschidde streng Konditiounen erfëlle fir datt et Crémant gëtt.

Ubaufläch[3] a Produktioun[4]
1960 2000 2024
Gesamtfläch Wéngerten a Produktioun (ha) 1.140 1.309 1.191
Zuel vun de Wéngertsparzellen 6.117 4.497
Wäin-Produktioun (hl) 133.000 131.931 76.504
idem, hl pro ha 116,67 100,78 64,23
Verdeelung no Riefzorten Produktioun
(hl)
Undeel Produktioun
(hl)
Undeel Ubaufläch
(ha)
Undeel Produktioun
(hl)
Undeel
Elbling 58.000 43,61 % 17.635 13,37 % 49,1 4,1 % 3.757 4,91 %
Rivaner 46.400 34,89 % 48.412 36,69 % 228,8 19,2 % 17.986 23,51 %
Auxerrois 9.000 6,77 % 15.789 11,97 % 176,6 14,8 % 12.778 16,70 %
Pinot blanc 1.600 1,20 % 13.647 10,34 % 155,7 13,1 % 12.475 16,31 %
Pinot gris 1.800 1,35 % 13.316 10,09 % 189,0 15,9 % 11.482 15,01 %
Pinot noir 0,00 % 5.054 3,83 % 129,1 10,8 % 6.124 8,00 %
Riesling 15.000 11,28 % 16.406 12,44 % 155,7 13,1 % 8.401 10,98 %
Gewürztraminer 1.200 0,90 % 713 0,54 % 19,8 1,7 % 267 0,35 %
Chardonnay 0,00 % 759 0,58 % 57,5 4,8 % 3.008 3,93 %
Aner Cepagen 0,00 % 200 0,15 % 29,5 2,5 % 224 0,29 %

An der Stad gëtt et zënter 2004 ënnerzeg vum Bockfiels op ronn 4 Ar e pedagogesche Wéngert am sougenannte Klouschtergaart. D'Stad Lëtzebuerg produzéiert hei pro Joer ongeféier 200 Fläsche « Wäin vum Bock »[sic] (Rivaner, Elbling, Riesling, Pinot blanc, Auxerrois)[5][6][7].

Riefzorten zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
Rieslingsrief

Déi Riefzorten, déi zu Lëtzebuerg däerfen ugeplanzt ginn, sinn an engem Groussherzogleche Reglement festgehalen. 2004 waren et 15 verschidde Riefzorten op der Lëtzebuerger Musel[8]; mam Reglement vun 2014 koumen eng Rëtsch Riefzorte bäi an d'Wäibaugebitt (fr. périmètre viticole) bezitt sech net just op d'Musel[9]. D'Wéngerten zéien sech zwar haaptsächlech laanscht d'Musel, vun der Gemeng Schengen bis an d'Gemeng Mäertert, mat zousätzlech klenge Gebidder op der Sauer (zu Waasserbëlleg an an der Gemeng Rouspert-Mompech).

Gewëssen aner Riefzorten däerfen allerdéngs fir Versich oder fir wëssenschaftlech Zwecker ugeplanzt ginn. Sou war 2013 de Wäisse Sauvignon op enger Fläch vun 0,48 ha a verschidden aner Zorten op enger Fläch vun 3,34 ha ugebaut ginn; zënter 2014 ass en awer generell erlaabt.

Riefzorten déi zu Lëtzebuerg dierfen ugebaut ginn[9]
Wäiss Schwaarz Gro Rout
Auxerrois Blauer Limberger (Lemberger) Pinot gris (Ruländer) Elbling
Cabernet blanc Cabernet Cortis Sauvignon gris Gewürztraminer
Chardonnay Cabernet Dorsa Riesling
Elbling Cabernet noir
Helios Dakapo
Johanniter Dornfelder
Merlot Gamaret
Merzling Gamay
Muscat Ottonel Merlot
Pinot blanc Pinot meunier (Schwarzriesling)
Riesling Pinot noir
Rivaner (Muller Thurgau) Pinot noir précoce
Sauvignon blanc Pinotage
Solaris Pinotin
Regent
Rondo
Saint Laurent
Zweigelt

zënter 2014
däerf nëmme fir de Coupage benotzt ginn a bis zu maximal 10 % bei de Riefzorten Gamay, Pinot noir, Pinot noir précoce a Saint Laurent bäigemëscht ginn.

Encadrement vum Lëtzebuerger Wäibau a Wäibaugenossenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

D'Wënzer zu Lëtzebuerg hunn ëmmer zesummegehalen, wann et geheescht huet hir Intressien ze vertrieden. Schonn 1911 ass de Lëtzebuerger Wënzerverband (Fédération des associations viticoles du Grand-Duché de Luxembourg) mat Sëtz zu Gréiwemaacher gegrënnt ginn. Du koum et 1921 zur Schafung vun der éischter Genossenschaftskellerei, där vu Gréiwemaacher an 1925 zur Grënnung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut. Deemools war de Wäibau an enger kritescher Lag an et huet em missen op ville Plaze gehollef ginn.

Eng wichteg Etapp fir de Wäibau war och d'Zesummeleeë vun de Genossenschaftskellereien. Eng eenzeg, Vinsmoselle, ass no der Fusiounswell nach iwwereg bliwwen.

Qualitéitslabelen

[änneren | Quelltext änneren]

Marque nationale

[änneren | Quelltext änneren]
Collerette "marque nationale" fir de Lëtzebuerger Wäin

Mam Gesetz vum 12. Mäerz 1935 ass zu Lëtzebuerg eng Marque nationale fir de Wäin 1935 agefouert ginn[10]; se gëtt mat enger ovaler Collerette um Fläschenhals dokumentéiert a seet aus, wéinst de Bestëmmunge vun 1935 an hire spéideren Ofännerungen[11][12][13], datt:

  • de Wäin eng lëtzebuergesch Originn huet,
  • en ënner staatlecher Kontroll steet,
  • en net mat auslännesche Wäiner verschnidden ass,
  • seng Qualitéit den europäesche Bestëmmungen entsprécht.

D'Marque nationale garantéiert deemno d'Hierkonft an d'Qualitéit vum Wäin. D'Wäiner gi vun enger Kommissioun nom Prinzip vun der „Qualitéit am Glas“ bewäert, d. h. op Grond vun der Faarf a Kloerheet, souwéi dem Geroch an dem Geschmaach vum Wäin.

D'Marque nationale fir d'Wäiner ass mam Groussherzogleche Reglement vum 30. Januar 2001 ofgeschaaft ginn[14].

Appellation d'origine protégée – Moselle luxembourgeoise

[änneren | Quelltext änneren]

D'kontrolléiert Hierkonftsbezeechnung (Appellation d'origine protégée, AOP) ass eng Äntwert op d'Erkenntnis, datt den Ertrag eng entscheedend Roll spillt fir e gewësse Qualitéitsniveau am Endprodukt ze garantéieren, ass awer och op dat héicht Qualitéitsbewosstsinn vun den haitege Wäilibhaber zeréckzeféieren.

D'Haaptcharakteristik vun der AOP ass d'Bescheinegung iwwer d'Qualitéit, déi op der geographescher Hierkonft vum Produkt baséiert. Fir datt een den Numm vun enger geographescher Eenheet benotzen däerf, muss déi prezis definéiert sinn: wat d'geographesch Eenheet méi prezis definéiert ass, wat d'Originnen am Geschmaach besser z'erkennen ass.

D'Wäiner mat der Hierkonftsbezeechnung „Côtes de“ sinn harmonesch, héichwäerteg Wäiner an der ënneschter Gamm; et si fruuchteg, liicht Wäiner fir en onkomplizéierten, alldeegleche Genoss. D'Ertragslimitt fir all Drauwenzorte läit bei héchstens 100 Hektoliter den Hektar; fir den Elbling an de Rivaner sinn et 115 hl/ha.

Bei de Wäiner mat der Bezeechnung „Coteaux de“ handelt et sech ëm klassesch Wäiner vun der Lëtzebuerger Musel, mat typesche Charakteristike vun der Regioun oder den Drauwenzorten. Et si Premium-Wäiner aus héichwäertege Lagen aus de Kantone Gréiwemaacher (Muschelkalk-Buedem) oder Réimech (Keuper mat Leemmergel).

Déi sougenannt „Terroir-Wäiner“ kommen aus de beschte Wéngerte vun der Lëtzebuerger Musel. Déi renomméiert Lieu-dite si streng ofgegrenzt. D'Qualitéit vum Wäi gëtt duerch de Lieu-dit (den Terroir) bestëmmt, an domat duerch säin Urspronk.[15]

Déi eenzeg traditionell Begrëffer, déi fir d'Bezeechnung vu Wäiner vun der AOP Lëtzebuerger Musel däerfe benotzt ginn, sinn: Premier cru, Grand premier cru, Vendanges tardives, Vin de paille, Vin de glace a Crémant de Luxembourg[14].

Biologesche Wäibau zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

2012 gouf de biologesche Wäibau, och nach Bio-Wäibau, vu 7 Wënzerbetriber op am Ganze 25 ha bedriwwen (35 ha am Joer 2013). D'Wënzer ginn dobäi vum Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur (IBLA) beroden[16].

Zu Ohn am Palmberg

Lieu-dite vum Lëtzebuerger Wäibau, de Gemengen no, vu Süden a Richtung Norden[17]:

Musel

Gemeng Schengen

Gemeng Bous-Waldbriedemes

Gemeng Réimech

  • Réimech: Goldberg, Hopertsbour, Primerberg

Gemeng Stadbriedemes

Gemeng Wuermer

  • Lenneng: Ehnerberg, Péiteschberg
  • Éinen: Kelterberg, Rousemen, Wousselt
  • Dräibuer: Bauschberg, Mouerberg
  • Wuermer: Borreg, Elterberg, Heilihenhäuschen, Këppchen, Nossbam, Rousemen, Weibur, Wengertsberg, Wousselt
  • Ohn: Kaul, Palmberg, Pietert, Vugelsang
  • Meechtem: Houfels, Göllebur, Nidderfels, Ongkaf, Widdem

Gemeng Fluessweiler

Gemeng Gréiwemaacher

Gemeng Mäertert

Sauer

Gemeng Mäertert

Gemeng Rouspert-Mompech

Lëtzebuerger Wäibaugebitt am Moossstaf 1:50000
  • Anonym, 1999. Guide Klée des meilleurs vins et spiritueux luxembourgeois, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1948. L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie - Les conditions sociales - La production primaire. Éditions Beffort, Luxembourg.
  • Huberty, J., 1992. Les variétés de vigne cultivées au Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 93: 89-98. PDF (394 kB)
  • Infalt, Constant, 2003. Gedanken zum 75jährigen Jubiläum der Winzergenossenschaftskellerei Stadtbredimus: gravierende Strukturprobleme wurden durch Selbsthilfe in Form von gemeinschaftlichen Einrichtungen besser gelöst! Bauerekalenner Jg. 55: 129-134.
  • Scheuer, Jerry: Marque nationale - appellation contrôlée "Moselle luxembourgeoise", in: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 55 (2003), Säiten 83-90, ill.
  • Kuhn, Marc: Die Weinkontrolle in Luxemburg, in: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 57(2005), Säiten 65-70, ill.
  • Gondringer, Marc: Der Weinbau in Gostingen, in: Centenaire des sapeurs-pompiers Gostingen 1905 - 2005, Gostingen, Sapeurs-pompiers, 2005, Säiten 93-103, ill.
  • Rudi & Laurens Mauquoi, Luxemburger Wein - Vin luxembourgeois, Éditions Schortgen, Luxembourg 2012, ISBN 978-2-87953-158-8
 Commons: Wäibau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Règlement grand-ducal du 6 mai 2004 fixant les variétés de vignes et certaines pratiques culturales et oenologiques. data.legilux.public.lu (06.05.2004). Gekuckt den 01.03.2026.
  2. 1 2 (de) Weinbaugebiet. aop.public.lu (04.10.2022). Gekuckt den 02.03.2026.
  3. (fr) (DF_D2201) Superficies viticoles selon les différents cépages. lustat.statec.lu (20.06.2025). Gekuckt den 28.02.2026.
  4. (fr) (DF_D2200) Superficie des vignes, rendement en vin, valeur de la récolte et qualité du moût. lustat.statec.lu (07/08/2025). Gekuckt den 28.02.2026.
  5. (fr) Le «Wäin vum Bock», le vin de la capitale. www.virgule.lu (20.09.2022) Archivéiert den 31.05.2023. Gekuckt den 01.03.2026.
  6. (fr) Vendanges au «Klouschtergaart». paperjam.lu (09.10.2014). Gekuckt den 01.03.2026.
  7. (fr) Klouschtergaart : des vendanges en pleine capitale. lequotidien.lu (03.10.2016). Gekuckt den 01.03.2026.
  8. (fr) Règlement grand-ducal du 6 mai 2004 fixant les variétés de vignes et certaines pratiques culturales et oenologiques. data.legilux.public.lu (06.05.2004). Gekuckt de 27.02.2026.
  9. 1 2 (fr) Règlement grand-ducal du 26 novembre 2014 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 6 mai 2004 fixant les variétés de vignes et certaines pratiques culturales et oenologiques. data.legilux.public.lu (26.11.2014). Gekuckt de 27.02.2026.
  10. (fr) Arrêté du 12 mars 1935, portant création d'une marque nationale du vin luxembourgeois. data.legilux.public.lu (12.03.1935). Gekuckt den 01.03.2026.
  11. (fr) Règlement du Gouvernement en conseil du 15 octobre 1971 portant création d'une marque nationale du vin et fixant les conditions d'attribution de cette marque. data.legilux.public.lu (15.10.1971). Gekuckt den 01.03.2026.
  12. (fr) Règlement du Gouvernement en Conseil du 22 février 1985 portant réglementation de la marque nationale du vin et fixant les conditions d'attribution de cette marque. data.legilux.public.lu (22.02.1985). Gekuckt den 01.03.2026.
  13. (fr) Règlement grand-ducal du 30 janvier 2001 portant réglementation de la marque nationale du vin et fixant les conditions d'attribution de cette marque. data.legilux.public.lu (30.01.2001). Gekuckt den 02.03.2026.
  14. 1 2 (fr) Règlement grand-ducal du 24 août 2016 fixant certaines modalités d'application du règlement (CEE) n° 607/2009 de la Commission du 14 juillet 2009 fixant certaines modalités d'application du règlement (CE) n° 479/2008 du Conseil en ce qui concerne les appellations d'origine protégées et les indications géographiques protégées, les mentions traditionnelles, l'étiquetage et la présentation de certains produits du secteur vitivinicole et portant création de l'Office national des appellations d'origine protégées.. data.legilux.public.lu (24.08.2016). Gekuckt den 02.03.2026.
  15. (de) Die « Appellation d'origine protégée – Moselle luxembourgeoise ». aop.public.lu (03.11.2022). Gekuckt den 02.03.2026.
  16. Van der Hoef, J., 2012. Biologischer Weinbau nimmt auch in Luxemburg an Bedeutung zu. Das Interesse ist verstärkt vorhanden. Luxemburger Wort vum 22. September 2012, S. 41.
  17. gekuckt op geoportail.lu den 1. Mäerz 2026 (Layer: Lieux-dits du vignoble)