Pinot gris

Vu Wikipedia

De Pinot gris ass eng Riefzort déi duerch eng Mutatioun vum Pinot noir entstanen ass. Obschonn d'Haut vun de Gronen roudelzeg bis rout ass, zielt se zu de wäisse Riefzorten.

Pinot gris

A Frankräich ass en och ënner dem Numm Tokay d'Alsace bekannt, an Italien ass et de Pinot Grigio, an Ungarn de Szürkebarát. An Däitschland gouf e gemenkerhand Ruländer genannt, haut ass awer d'Bezeechnung Grauburgunder méi geleefeg. D'Bezeechnung Ruländer ass aus dem Numm vum däitschen Apdikter a Geschäftsmann Johann Seeger Ruland vu Speyer entstanen, deen déi Riefzort vermehrt huet.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Op der Lëtzebuerger Musel gëtt de Pinot gris - fir deen am Ufank den däitschen Numm Ruländer benotzt gouf - eréischt zanter den 1960er Joren ugebaut. Zanter 1975 ass seng Ubaufläch ongeféier aachtmol méi grouss ginn a mécht haut (2013) mat 193,78 ha 14,96% vun der Ubaufläch aus[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pinot gris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)