Rieflaus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dactylosphaera vitifolii 1 meyers 1888 v13 p621.png

D'Rieflaus (Viteus vitifoliae) ass eng Planzelaus aus der Famill vun den Zwerglais (Phylloxeridae). Dëst Insekt ass e geféierleche Parasit vun de Riewen, déi si ofstierwen deet, wourop hire fréiere wëssenschaftlechen Numm Phylloxera vastatrix hiweist.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieflaus staamt aus Amerika, wou si 1854 vum Entomolog Asa Fitch (1809-1879) entdeckt gouf. Hien huet si an engem 1855 publizéierten Artikel ënner dem Numm Pemphigus vitifoliae beschriwwen.[1] Si ass wahrscheinlech an de Joren 1856-1862 onbemierkt mat oidiumresistente Riewen an Europa ageschleeft ginn.

Am Joer 1863 trëtt a Frankräich bei Pujaut am Wäibaugebitt vum « Midi provençal » eng mysteriéis Riefkrankheet op, déi 1866 och an der Géigend vu Bordeaux festgestallt gouf. De franséische Botaniker Jules Émile Planchon (1823-1888), Professer zu Montpellier, stellt 1868 fest, datt déi Kränkt mat enger Planzelaus, déi op de Wuerzele vun de Wäistäck parasitéiert, zesummenhänkt. Hie nennt d'Insekt provisoresch Rhizapis vastatrix, woraus no Konsultatioun vun engem Spezialist vu Planzelais kuerz duerno Phylloxera vastatrix gouf.

1871 konnt definitiv nogewise ginn, datt dës Aart mat der amerikanescher Aart Pemphigus vitifoliae identesch ass, eng Erkenntnes, déi als Hypothes schonn 1869 opgedaucht war.

D'Rieflaus huet sech séier a Frankräich an och soss an Europa ausgebreet. Zu Lëtzebuerg ass si 1907 ukomm, wou en éischte Rieflausfoyer de 27. Juli 1907 um «Walebierg» (Bann Wuermeldeng) entdeckt gouf.

De lëtzebuerger Wäibau krut d'Rieflaus eréischt an de Grëff, wéi en an den 1920er Joren drugaangen ass, déi heemesch Riewen duerch amerikaniséiert, rieflausresistent Riewen z'ersetzen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Rezent Publikatiounen iwwer d'Rieflaus zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
  • Massard, J.A. (2007): Vor hundert Jahren: Die Reblaus ist da ! Ein ungebetener Gast aus Amerika bringt den Luxemburger Weinbau in Gefahr. Lëtzebuerger Journal 2007, Nr. 143 (27. Jul.): 19-21. PDF 3 Mo
  • Massard, J.A. & H.M. Bröhl (2008): Die Reblaus und der Grenzverkehr im Echternacher Raum. Heimatkalender 2009 Eifelkreis Bitburg-Prüm: 122-128.
Historesch Publikatiounen iwwer d'Rieflaus zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
  • Fixmer, F. (1904): Die Reblausfrage im Großherzogtum Luxemburg. Grevenmacher, J. Eßlen, IV-85 p.
  • Heuertz, F. (1908): Die Reblaus. Phylloxera vastatrix Pl. Gemeinverständliche Darstellung, in Wort und Bild, des Körperbaus, der Entwicklung und der Lebensweise der Reblaus, der Erkennungsmerkmale der Reblauskrankheit, sowie der Maßregeln zu ihrer Abwehr und Vertilgung. Luxemburg, Joseph Beffort, 12 p.
  • Klein, E. J. (1908): Wesen und Bekämpfung der Reblaus ( Phylloxera vastatrix ). Vortrag gehalten vor den Lehrern des Moselgebietes am 9. Januar 1908. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 18 (1908): 34-40, 60-68, 105-116. PDF 309 kB / PDF 514 kB / PDF 595 kB
Allgemeng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]
  • Galet, R. (1982): Les maladies et les parasites de la vigne, t. 2 : Les parasites animaux. Montpellier, 995 p.
  • Pouget, R. (1990): Histoire de la lutte contre le Phylloxéra de la Vigne en France. Paris, 157 p.
  • Campbell, C. (2004): Phylloxera: How wine was saved for the world. London, 314 p.
  • Garrier, G. (2006): Le Phylloxéra: une guerre de trente ans, 1870-1900. Chaintré, 173 p.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]