Marque Nationale
Ausgesinn
D'Lëtzebuerger Marque nationale ass e Qualitéitslabel fir Liewensmëttel, dee vum Staat vergi gëtt. E gouf 1932 geschaf, fir d'éischt fir de Botter.
De Label gouf progressiv op verschidden aner Produkter aus Lëtzebuerg ausgedeent. Haut profitéiere follgend Produkter vu Lëtzebuerg vun dësem Label:
- de Botter,
- de Wäin,
- den Hunneg,
- de Branntewäin,
- de Crémant,
- Schwéngefleesch a Schwéngefleeschprodukter, déi dovu gemaach ginn