Crémant de Luxembourg
Crémant de Luxembourg ass eng Appellatioun fir e Schaumwäin vun der Lëtzebuerger Musel dee verschidde Konditounen erfëlle muss.
D'Appellatioun Crémant de Luxembourg gouf duerch e Reglement vum Regierungsrot vum 4. Januar 1991 agefouert.[1]
Fir de Crémant de Luxembourg kann eng Riefzort eleng oder en Assemblage vu Riefzorte vun der Lëtzebuerger Musel benotzt ginn.
Déi éischt Produktioun koum de 15. November 1991 ënner dem Markennumm Poll-Fabaire op de Maart. Bis Enn dës Joers goufen iwwer 100.000 Fläsche verkaaft - en onerwaarte Succès. An de Joren dono goung d'Produktioun weider an d'Luucht; 2021 waren et der 1,8 Millioune vun där Marque. Am Ganze waren et der dat Joer 3 Millioune Fläschen, déi zu Lëtzebuerg produzéiert goufen. Dee gréissten Deel dovu gëtt am Land selwer verkaaft a gedronk, fir d'Deeg ëm Neijooschdag eleng ee Véierel vun der ganzer Produktioun.[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Brey, M., 2021 (Interview). Der Vater des Crémant de Luxembourg. Ohne ihn gäbe es wohl keinen Lëtzebuerger Schampes – Constant Infalt über den Beginn einer Trinkkultur. – Luxemburger Wort vum 28. Dezember 2021, S. 8.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Crémant de Luxembourg bei Luxembourg Vins&Crémants (fr) (en) (de) (nl)
- D'Reglement fir d'Appellatioun Crémant de Luxembourg am Mémorial (fr)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Règlement du Gouvernement en Conseil du 4 janvier 1991 relatif à l'appellation «CrémantdeLuxembourg», publizéiert am Mémorial A — No 4 vum 31. Januar 1991, Ss. 34-35
- ↑ Brey, 2021, an der Literatur.