Botter

Vu Wikipedia
Floris van Schooten

Botter (vum griicheschen: βούτυρον, boútyron, Rannerkéis) ass e Mëllechprodukt dat aus Mëllechfetter a Waasser besteet. De Waassergehalt soll dobäi 16 % net iwwerschreiden. Aner Bestanddeeler vum Botter sinn d'Mëllechbestandeeler, Mëllechzocker, Mineralstoffer, Cholesterin, Proteinnen, fettléislech Vitaminnnen, Mëllechsaier, an Aromastoffer.

De Botter huet en héije Gehalt vun Uelegsaieren a kuerzketteche gesiedegte Fettsaieren.

Am Handel däerf den Numm Botter nëmme gebraucht gi fir Produkter déi aus Mëllech oder Rahm hiergestallt sinn. Fir 1 kg. Botter ze maache ginn ongeféier 22 Liter Mëllech gebraucht.

Et gëtt haaptsächlech ënnerscheet tëscht:

  • Bauerebotter (beurre fermier), deen um Baurenhaff an handwierklecher Manéier hiergestallt gëtt. Dëse Botter hält sech gewéinlech net ganz laang.
  • Molkereisbotter, deen an der Molkerei gemaach gëtt a sech och net ganz laang hält.
  • Pasteuriséierte Botter, deen a Molkereie gemaach gëtt. Well an dësem Botter keng Keimer méi dra sinn, hält e sech méi laang.
  • Den Demi-Sel an deem tëscht 2 bis 5 % Salz sinn a sou dem Botter e besonnesche Goût ginn. Dëse Botter hält sech relativ laang.
  • Konzentréierte Botter aus deem d'Fiichtegkeet erausgezu gouf, an dee bis 99 % Fetter enthält.
  • Bottermëllech, engem Nieweprokukt dat nom Rompen ufällt.

Fir de Botter gutt ze hale musse grouss Temperaturënnerscheeder vermidde ginn, ideal si 5 °C. De Botter fänkt bei 31 °C. un ze schmëlzen. Fir de Botter ass zu Lëtzebuerg eng Marque Nationale agefouert ginn d De Präis vum Botter deen am Land produzéiert gëtt geseztlech festgeluecht fir dës zwou Kategorien:

  • a) Beurre de marque « Rose » pasteurisé, Standard A, 1re catégorie (emballage rouge).
  • b) Beurre de marque « Rose » Standard B, 2e catégorie (emballage vert).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Butter – Biller, Videoen oder Audiodateien