Mëllech

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Glas Mëllech

Mëllech ass eng wäisselzeg Flëssegkeet (eng Emulsioun vu Fettdrëpsercher a Waasser), déi an de Mëllechdrüse vu weibleche Mamendéiere produzéiert gëtt, fir hiren Nowuess ze nieren.

Beim mënschleche Puppelchen ass d'Mammemëllech dat wichtegst Nahrungsmëttel, well se nieft den Nierstoffer och zum Opbau vu sengem Immunsystem bäidréit.

A Mëtteleuropa ass de Begrëff Mëllech e Synonym fir Koumëllech. An der Europäescher Unioun däerf just Mëllech vu Kéi als "Mëllech" bezeechent ginn. Bei Mëllech vun aneren Déiere mussen dës mat ugi ginn (Geessemëllech, Schofsmëllech, Mieremëllech, asw.).

Mëllech besteet aus Fetter, Eewäisser, Kuelenhydrater; virun allem Lactose, Galactose a Glucose; a Vitaminer.

Aus der Mëllech ginn eng Rëtsch Liewensmëttel gemaach, dorënner Botter a Kéiszorten.

Weltwäit ginn eng 600 Milliounen Tonne Mëllech am Joer produzéiert. Dovu si 85 % Koumëllech.

Zu Lëtzebuerg waren dat am Joer 2003 267.114 Tonnen, déi vu 40.599 Béischte gestrach goufen (Quell: STATEC).

Commons: Mëllech – Biller, Videoen oder Audiodateien