Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Wäibauinstitut

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wäibauinstitut)
Lëtzebuerger Wäibauinstitut
Grënnungsdatum 23. Juli 1925
  8, rue Nic Kieffer, L-5551 Réimech
Websäit https://agriculture.public.lu/de/dienststellen/weinbauinstitut.html

De Lëtzebuerger Wäibauinstitut (fr. institut viti-vinicole, gekierzt IVV) ass den 23. Juli 1925 zu Réimech als Wäibaustatioun (station viticole) gegrënnt ginn[1]. D'Missioune begräifen absënns:

  • den techneschen a wirtschaftleche Fortschrëtt an alle Beräicher vum Wäibau, der Önologie an der Wäifabrikatioun mat den néidege Mëttelen ze fërderen,
  • de Wënzeren Setzlingen a Planze liwweren;
  • de Kampf géint d'Déieren- a Planzefeinde vun der Rief organiséieren an iwwerwaachen;
  • d'Ëmsetze vun de gesetzlechen a reglementaresche Virschrëften iwwer de Wäin an änlecht Gedrénks iwwerwaachen a kontrolléieren;
  • déi professionell Wäibauorganisatiounen a techneschen, wirtschaftlechen a kommerziellen Affäre beroden;
  • d'Exploitatioun vum Staat sengen Demonstratiounswéngerte garantéieren;
  • am Kader vun der EU, un der Entwécklung vun enger gemeinsamer Landwirtschaftspolitik am Secteur vum Wäibau deelhuelen an deen op nationalem Plang ëmsetzen;
  • Statistiken an Ëmfroen iwwer déi wirtschaftlech a sozial Situatioun vum Wäibau duerchféieren;
  • de Qualitéitslabel Marque nationale fir d'Wäiner, Schaumwäiner a Cremanten organiséieren, garantéieren a kontrolléieren;
  • all aner Missioun vum Wäibau oder der Önologie déi vum Minister gefrot ginn.

No der Grënnung vun der Wäibaustatioun am Juli 1925 goufen hir Missiounen Enn Oktober vun deem Joer fir all d'Wäibauregiounen am Land festgehalen[2]. De Wäibau war deemools an enger schwéierer Zäit, nodeem d'Land 1922 der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun bäigetruede war an ausserdeem d'Schädlingen de Wäibau bal a senger Existenz a Fro gestallt hunn. D'Missioun vun der Wäibaustatioun war et, fir de Wënzer mat Rot an Dot bäizestoen an hir villfälteg Problemer hëllefen ze léisen. D'Personal vun der Statioun huet aus engem Direkter an zwéi Chef-Aarbechter bestanen. Zäitgläich mat der Definitioun vun de Missiounen, gouf och eng Iwwerwaachungskommissioun an d'Liewe geruff[3]; si gëtt hiren Avis of iwwer den Aarbechtsprogramm vun der Statioun, gradewéi zu alle Froen am Zesummenhang mam Betrib vun der Statioun.

Fir d'Optriede vun all Kränkten an de Wéngerten (Déieren- oder Planzekränkten) sou séier wéi méiglech z'erkennen, gouf 1927 d'Fonctioun vum „lokalen Observateur“ an d'Liewe geruff[4]; déi éischt Observateure fir déi verschidde Regioune goufen am Abrëll1928 nominéiert[5].

Nom Zweete Weltkrich ass d'Wäibaustatioun am Oktober 1945 nees reaktivéiert ginn an de Personalkader gouf erweidert; et goufe vun do un nieft dem Direkter: e Wäin-Kontroller, e Kontroller vun der Marque nationale a Chef-Aarbechter, ouni datt fir déi eng Zuel genannt war[6].

Am Dezember 1963 koum et zu enger Reorganisatioun vun der Statioun mat där d'Missioune méi genee beschriwwe goufen an de Personalkader opgestockt gouf[7]. Den 29. August 1976 koum nees en neit Gesetzt: d'Missioune vun 1963 goufe gréisstendeels confirméiert, mä aus der Wäibaustatioun gouf de Wäibauinstitut (institut viti-vinicole)[8].

1985 huet den IVV déi spezifesch Bezeechnung « Moselle luxembourgeoise - Appellation contrôlée » agefouert[9].

Déi lescht Reorganisatioun geet op 2003 zeréck, mat där bannent dem Institut fënnef Sektioune geschaf goufen[10].

Organisatioun

[änneren | Quelltext änneren]

Déi fënnef Sektioune vum Institut sinn déi, déi mam Gesetz vun 2003 geschaf goufen[10]:

  1. Wäibau an Exploitatioun vun den Demonstratiounswéngerten;
  2. Önologie a Wäibaumethoden;
  3. Gesetzlech a reglementaresch Reegelen;
  4. Gemeinsam Landwirtschaftspolitik op EU-Niveau;
  5. Marque nationale.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 75 Jahre Weinbaustation in Remich auch "Riefschoul" genannt, 1925 - 1976 respektiv Weinbauinstitut seit 1976. Remich: Weinbauinstitut, 2000 ([Luxemburg]: SCIE). - 115 S., ill.
  • Infalt, Constant. Gedanken zum 75jährigen Jubiläum der Winzergenossenschaftskellerei Stadtbredimus gravierende Strukturprobleme wurden durch Selbsthilfe in Form von gemeinschaftlichen Einrichtungen besser gelöst! In: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 55 (2003), S. 129-134, ill.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Loi du 23 juillet 1925, portant création d'une station viticole. data.legilux.public.lu (23.07.2025). Gekuckt den 10.02.2026.
  2. (fr) Arrêté grand-ducal du 30 octobre 1925, réglant l'organisation et le fonctionnement de la station viticole et les attributions du personnel y attaché. data.legilux.public.lu (30.10.2025). Gekuckt den 10.02.2026.
  3. (fr) Arrêté grand-ducal du 30 octobre 1925, réglant l'inspection et la surveillance de la station viticole. data.legilux.public.lu (30.10.2025). Gekuckt den 10.02.2026.
  4. (fr) Arrêté du 31 janvier 1927, portant organisation d'un service d'observateurs locaux à rattacher à la Station viticole. data.legilux.public.lu (31.01.1927). Gekuckt den 10.02.2026.
  5. (fr) Arrêté du 16 avril 1928, portant organisation d'un service d'observateurs locaux à rattacher à la Station viticole. data.legilux.public.lu (16.04.1928). Gekuckt den 10.02.2026.
  6. (fr) Arrêté grand-ducal du 10 octobre 1945, modifiant et complétant les art. 4, 5 et 6 de la loi du 23 juillet 1925, portant création d'une station viticole. data.legilux.public.lu (10.10.1945). Gekuckt den 10.02.2026.
  7. (fr) Loi du 9 décembre 1963 ayant pour objet la réorganisation de la station viticole de l'Etat. data.legilux.public.lu (09.12.1963). Gekuckt den 10.02.2026.
  8. (fr) Loi du 29 août 1976 portant création de l'Institut viti-vinicole. data.legilux.public.lu (29.08.1976). Gekuckt den 10.02.2026.
  9. (de) 1985 WAR AUCH DAS S. 5. In: Revue, 70. Jg., nº 23, Digitised by the National Library of Luxembourg (03.06.2015). Gekuckt den 10.02.2026.
  10. 1 2 (fr) Loi du 12 août 2003 portant réorganisation de l'Institut viti-vinicole. data.legilux.public.lu (12.08.2003). Gekuckt den 10.02.2026.
  11. (de) Jos. Faber S. 27. In: Revue, 20. Jg., nº 44, Digitised by the National Library of Luxembourg (31.10.1964). Gekuckt den 09.02.2025.
  12. (de) Weinbauprobleme über die Grenzen hinweg. S. 6. In: Luxemburger Wort, 132. Jg., n° 68, Digitised by the National Library of Luxembourg (23.03.1979). Gekuckt den 09.02.2026.
  13. (de) Keine Insektizide S. 9. In: d'Letzeburger Land, 39. Jg., nº 39, Digitised by the National Library of Luxembourg (25.09.1992). Gekuckt den 09.02.2026.
  14. (de) Nouveau directeur de l’Institut viti-vinicole. agriculture.public.lu (07.12.2023). Gekuckt den 09.02.2026.
  15. (de) PORTRÄT Alte Liebe rostet nicht. S. 57. In: Revue, 65. Jg., nº 11, Digitised by the National Library of Luxembourg (17.03.2010). Gekuckt den 09.02.2026.
  16. (fr) Institut viti-vinicole - Nomination. data.legilux.public.lu (06.12.2023). Gekuckt den 09.02.2026.