Lëtzebuerger Wäibauinstitut

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Lëtzebuerger Wäibauinstitut (Institut viti-vinicole) ass 1925 zu Réimech gegrënnt ginn.

De Wäibau war deemools an enger schwéierer Zäit, nodeem d'Land 1922 der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun bäigetratt war an ausserdeem d'Schädlingen de Wäibau bal a senger Existenz a Fro gestallt hunn. D'Missioun vum Lëtzebuerger Wäibainstitut war et, fir de Wënzer mat Rot an Dot bäizestoen an hir villfälteg Problemer hëllefen ze léisen. Am Laf vun der Zäit ass de Wäibauinstitut och eng Versuchstatioun op engem Areal vu 6 ha ginn. Dat heescht, datt hien eng applizéiert Fuerschungsaktivitéit krut, wouvun de ganze Wäibau profitéiert. Si erstreckt sech op:

  • de Planzeschutz,
  • d'Resistenz- an d'Klonenziichtung,
  • d'Entwécklung vu Produktiounsmethoden déi d'Ëmwelt schounen,
  • d'Behandlung vun de Riewen,
  • d'Wäibehandlung a seng Conservatioun, kuerz: op alles wat mat der Oenologie ze dinn huet,
  • d'Aus- a Weiderbildung vun de Wënzer.

Schliisslech spillt de Wäibauinstitut eng wichteg Roll an der Duerchféierung vun de Virschrëften iwwer d'Marque nationale an déi aner Qualitéits- an Appellatiouns-Bestëmmungen. Am Fong mécht hien haut d'Verbindung tëscht de Wënzer op der enger Säit an dem Wäibauministère op der anerer Säit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 75 Jahre Weinbaustation in Remich auch "Riefschoul" genannt, 1925 - 1976 respektiv Weinbauinstitut seit 1976. Remich: Weinbauinstitut, 2000 ([Luxemburg]: SCIE). - 115 S., ill.
  • Infalt, Constant. Gedanken zum 75jährigen Jubiläum der Winzergenossenschaftskellerei Stadtbredimus gravierende Strukturprobleme wurden durch Selbsthilfe in Form von gemeinschaftlichen Einrichtungen besser gelöst! In: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 55 (2003), S. 129-134, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]