Domaines Vinsmoselle
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Vinsmoselle)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Domaines Vinsmoselle | |
---|---|
De Sëtz vun « Domaines Vinsmoselle » vun der Musel aus gesinn. Lénks de Restaurant « An der Tourelle ». | |
Typ | Société coopérative |
Grënnungsdatum | 16. Abrëll 1966 |
Sëtz | Schlass Stadbriedemes |
President | Josy Gloden |
Direkter | André Mehlen |
Branche | Wäibau |
Produit | Wäin, Cremant |
RCS | B7274 |
Homepage | https://www.vinsmoselle.lu |
D'Wënzergenossenschaft Domaines Vinsmoselle, am allgemenge Sproochgebrauch just Vinsmoselle genannt, ass de 16. Abrëll 1966 gegrënnt ginn. Si ass aus dem Zesummeschloss vun de Caves coopératives vu Gréiwemaacher, Wuermer, Greiweldeng, Stadbriedemes, Welleschten a Rëmerschen entstanen. D'Genossenschaft huet hire Sëtz am Schlass Stadbriedemes.
D'Membere bewirtschafte mat ongeféier 800 ha dee gréissten Undeel Wéngerte vun der Musel.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]D'Genossenschaft gouf ursprénglech ënnert dem Numm Vinsmoselle gegrënnt, woubäi den Zousaz Organisation des vins de la Moselle Lux. derbäigesat konnt ginn[1]. Se gouf … an Les Domaines de Vinsmoselle ëmgedeeft, fir 2012 den aktuellen Numm Domaines Vinsmoselle ze kréien[2].
Direktioun
[änneren | Quelltext änneren]vu(n) | bis | Direktioun |
---|---|---|
… | ||
… | 1987 | Will Wiltzius |
1987[3] | 2011 | Constant Infalt |
2011 | 2015 | Georges Schaaf |
2015 | 2022 | Patrick Berg |
2023 | aktuell | André Mehlen |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Statuts coordonnés. lbr.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
- ↑ (fr)Modification dénomination. lbr.lu. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
- ↑ (de)d'Letzeburger Land, Constant Infalt (06.02.1987). Gekuckt de(n) 28.12.2021.