Genossenschaft

Vu Wikipedia

Eng Genossenschaft oder Kooperativ ass en Zesummeschloss vu Persounen, meeschtens mat engem wirtschaftlechen Zweck. Duerch deen Zesummeschloss ass et fir all Member vun der Genossenschaft méi einfach e bestëmmt Zil z'erreeche wéi wann dat Zil eleng misst erreecht ginn. Gläichzäiteg gëtt awer och déi selbststänneg Existenz vun de Membere garantéiert.

Genossenschaften erméiglechen ënner anerem Käschtevirdeeler bei den Akafs- an Ofsazkonditiounen, oder gemeinsaamt Benotze vun deieren Anlagen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Genossenschaften zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Cooperative-Epicerie (1995).

Zu Lëtzebuerg ass eng Société coopérative, kuerz SCOP, eng Rechtsform vun enger Handelsgesellschaft[1]. Grouss Kooperativen zu Lëtzebuerg sinn zum Beispill d'Luxlait an d'Banque Raiffeisen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1896 huet sech de Professer vun der Ettelbrécker Akerbauschoul Jean Philippe Wagner fir en Uebstmaart zu Lëtzebuerg, dee vu Kooperative bestëmmt sollt sinn, ausgeschwat. D'Membere wiere sou net méi op een Tëschenhändler ugewisen an direkt a Kontakt mat de Clienten. 1899 gouf des Iddi mat der d'Grënnung vum Landesuebstveräi realiséiert. Elo konnte lokal Veräiner aktiv hiert Uebst un de Client bréngen. Mä et goufen ze vill Zorten an enger onprofessioneller Manéier ugebueden, sou datt et eréischt 1902 zu de staatlech initiéierten Uebstkooperative-Grënnungen koum. Bis 1912 konnte sech 1.990 Leit, déi sech ëm 1.289.043 Uebstbeem gekëmmert hunn, an 58 Organisatiounen zesummendoen. Déi Entwécklung gouf duerch eng Zentral fir Uebsthandel 1904 vun der Akerbauverwaltung, déi domat d'Quantitéit zu Lëtzebuerg enregistréiere konnt, ugedriwwen. Déi Zentraliséierung huet et erméiglecht, datt d'Kooperativen hiert Uebst un d'Grousshändler aus dem Ausland verkafe konnten. Eréischt ewéi den Éischte Weltkrich ausgebrach war, huet dëse Maart, wéinst dem Ewechfale vum däitsche Verkafsnetz Problemer kritt. Déi 1909 gegrënnt Zentral-Kelterei vum Landesuebstveräin zu Ettelbréck huet dowéinst 1926 missen hir Dieren zoumaachen. Nei Ofsazmäert, wéi England, konnte wéinst feelender Professionalitéit vun den Uebstbaueren, déi ze mann bëlleg Aarbechtskraaft haten, dëse Verloscht net méi eranhuelen. Dunn am Zweete Weltkrich hat d'Ardennenoffensiv vill Uebstbeem zerstéiert. D'Akerbauverwaltung huet de 6. Oktober 1945 dowéinst eng Zentral geschaaft, déi modern a wëssenschaftlech den Uebstbau an d'Qualitéit vun de Produite fërdere sollt. De Benelux-Zolltarif, dee vum 1. Januar 1948 un a Kraaft getruede war, hat op d'Uebst-Kooperativen en immense wirtschaftlechen Drock gemaach, well d'hollännesch an d'belsch Konkurrenz elo keen Zoll op hir héich Quantitéite vun Uebst méi bezuele missten. Als Reaktioun huet de Landesuebstveräin e Qualitéits-Reglement erausginn. Dëst Reglement schreift vir, datt nëmmen nach bestëmmt Zorten zu Lëtzebuerg ugebaut ginn, zum Beispill dierfte just nach den “Erbachhofer” oder de “Roter Trierischer Weinapfel” als Moschtapel ugebaut gi.[2]

1961 war am Februar eng gesellschaftlech Diskussioun iwwert den ze groussen Afloss vun de Konsum-Kooperative géigeniwwer den Eenzelhändler. Déi gesinn d'Kooperativen als eng ze grouss Konkurrenz, well se duerch hir Mesuren de Präis diktéiere kéinten, um Gewënn, dee se maachen, keng Steiere bräichten ze bezuelen an d'Kooperative wieren e bësse méi bëlleg wéi kleng Geschäfter. Am Duerchschnëtt ware Konsum-Kooperativen an der Stad Lëtzebuerg net méi wéi 5% méi deier, wéi modern Supermarchéen. An den 1960er Jore waren d'Kooperativen am ganze Land verstreet, sou datt d'Cliente wäit Weeër hu missen maachen, déi dann och bei Liwwerungen hu misse gemaach ginn. Niewent dëser Supermarché-Konkurrenz hunn d'Konsum-Kooperativen et schwéier wirtschaftlech ze bleiwen oder souguer ze wuessen. Hir al Verkafsstrategien, den ze klenge Krees vu Clienten an déi ze héich Personal- an Ënnerhaltskäschte vun den eenzele Kooperative ginn dofir als Grënn opgezielt.[3]

Aktuellen Trend[änneren | Quelltext änneren]

De Mouvement écologique huet am Kader vun de Gemengewalen 2017 e puer Virschléi an enger Zäitschrëft den 1. Juni 2016[4] ginn, fir datt d'Kooperative méi Verantwortung an der ekonomescher Entwécklung ze Lëtzebuerg hunn. Fir de Mouvement écologique si se wichteg fir eng nohalteg Wirtschaft, déi net ze vill an d'Ëmwelt agräift an déi méi verantwortlech mat de begrenzten natierleche Ressourcen ëmgeet. D'CSA (community supported agriculture) ass vu Membere finanzéiert, déi doduerch e lokale landwirtschaftleche Betrib ënnerstëtzen a seng Produkter ofhuelen. Sou entsteet eng lokal Ekonomie, déi op den direkte Kontakt tëschent dem Client an dem Produzent setzt. An enger Zäitschrëft vum 1. Juli 2017[5] huet de Mouvement écologique gëtt och vu Kooperatiounen tëschent de Gemengen a lokale Produzente geschwat. Net nëmme Privatpersounen, mä och ëffentlech Strukture kënnen am Sënn vun enger kooperativer Ekonomie Investitioune maachen.

Lëscht vu Genossenschaften zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Laiterie coopérative – Dampfmolkerei und Käserei Fritz Pasquay[änneren | Quelltext änneren]

D'"Laiterie coopérative – Dampfmolkerei und Käserei Fritz Pasquay" zu Eescheler schéngt déi éischt Kooperativ am Land gewiescht ze sinn. Wéini se gegrënnt gouf, ass allerdéngs net gewosst.[6] De Fritz Pasquay hat scho virum Éischte Weltkrich vill Geschäfter op d'Been gestallt. Sou hat en 1897 e Volkmann-Geschäft an der Avenue de la Gare bedriwwen, dunn d'"Laiterie coopérative" zu Eschweiler, 1911 huet en e Lager vun der Zockerwuerefabrik vu Saarbrécken an der Rue Bourbon an der Stad Lëtzebuerg opgemaach an a sengem Numm e Kolonialwarenladen, deen 1914 vum Félicien Hanrion bedriwwe gouf. D'Molkerei huet net nëmme Mëllech pasteuriséiert, mä si huet och Kéis, Jughurt a mat der Zäit JughurtDrinks an aner Variatiounen op de Maart bruecht. De Fritz Pasquay keeft 1911 d'Fromagerie Maas zu Kanech a grënnt d'Laiterie & Fromagerie Pasquay - Maas[7], déi schonn 1913 hire Camembert als original Lëtzebuerger Produit vermaart huet. 1931 iwwerhëlt d'Laiterie, crèmerie, fromagerie national vum Fritz Pasquay d'LAFRONA S.A., déi och zu Eescheler war.[8] Den 29. November 1933 goufen d'Gebaier zu Eescheler versteet[9]. Dunn huet et bis 1942 gedauert bis mat der EKABE nees do Mëllech verschafft gouf.
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: EKABE.

SOTEL[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. November 1927 gouf “SOciété de Transport d'Énergie Électrique du Grand-Duché de Luxembourg” vun 8 Stol-Firme gegrënnt: ARBED, Société métallurgique des Terres Rouges, Anciens Établissements Paul Wurth SA, Hadir, Métallurgique Rodange-Ougrée, La Houve (Creutzwald), Société Alsacienne et Lorraine d'Électricité (Stroossbuerg) an Société Électrique de la Sidérurgie Lorraine (Nanzeg). Den Verwaltungsrot huet sech dunn och aus Memberen vun dësen Firmen zesummegesat. Esou huet dësen 1936 ausgesinn: Charles Libotte, Métallurgique Rodange war de President; Léopold Biver, Arbed war en Administrateur-Délégué; Felix Chomé, Arbed war en Administrateur; J. Erpelding, Terres-Rouges war en Administrateur; Gust. Lemaire, Hadir war en Administrateur; Charles Wurth, Établissement Paul Wurth war en Administrateur; A. Evain, Sidérurgie lorraine war en Administrateur; A. Fröhlich, La Houvre war en Administrateur. Am Zweete Weltkrich gouf des Kooperativ “Kraftübertragungs-Gesellschaft SOTEL” genannt. D'Zentral war ze Esch-Uelzecht, den Haaptverdeeler war um Belval. Déi Zesummenaarbecht vun den Stol-Firmen resultéiert aus enger Iddi, wéi se hir iwwerschësseg Energieproduktioun organiséiert a wirtschaftlech verwäerte kéinten. A senger Roll als Fournisseur vun elektrescher Energie, konnt SOTEL en Héichspannungsnetz am ganze Land opbauen an verwalten. Zesummen mat der CFL an dem Tram, war déi Kooperativ immens wichteg fir d'Infrastruktur am Groussherzogtum Lëtzebuerg.[10]

COBOULEST/COBOULUX[änneren | Quelltext änneren]

De 15. November 1956 gouf zu Wecker bei Biwer d'Kooperativ COBOULEST (COopérative des BOUchers de l'EST) gegrënnt aus där d'COBOULUX (COopérative des BOUchers de LUXembourg) ervirgaangen ass. D'Metzleschmeeschteren hate sech zesummegedoen, fir Bestellunge vun den Ausgangsprodukter, wéi Gedäerms oder Gewierzer, effizient ofzeschléissen an och fir e Rabatt op sou Bestellungen ze kréien. Dernieft konnten d'Metzlere sou ee gewëssene Fleeschstandard anhalen, mä emol konnten Schwéngskotletten dësen Qualitéitsstandarden net entspriechen, sou datt de Betrib een ze grousse finanziellen Verloscht gemaach huet. Des Perte konnt mat privaten Investitiounen opgefaangen gi. Den selwechten Moment gouf eng Zopp an d'Sortiment opgeholl. Aus COBULEST ass esou COBOULUX gi. Ëmmer méi Leit hunn Schluechtungen um Site vun der Kooperativ ugefrot, sou dat an den 1980er Joren en neien Shluechthaff gebaut gouff. Och de Fleeschmarché gouf vun Konkurrenzbetrieber aus dem Ausland net verschount, soudatt d'Memberen vun der COBOULUX ëmmer manner goufen. Fir deem entgéint ze wierken, huet de Komitee vun der Kooperativ eng Fusioun mat der Aktiegesellschaft EMO ageleet.[11] Des Fusioun gouf tëschent "EUROVIANDE S.A.", enger vun der Kooperativ ofgespléckten Aktiegesellschaft mat Setz an der Al Avenue, an der "EMO DISTRIBUTION S.à r.l." den 19. Dezember 2007 ofgeschloss.[12]

Steseler Uebstbaugenossenschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Steseler Uebstbaugenossenschaft gouf den 31. Oktober 1962 zu Steesel gegrënnt. Op op ongeféier 15 Hektar Land ginn eng 13.000 Buschbeem ënnerhalen. D'Anlag gouf de 7. Mee 1964 ageweit. D'Genossenschaft produzéiert haut fir Eist Uebst a Geméis. Am Hierscht gi reegelméisseg Apelfester fir de Verkaf vun de 15 Zorten Äppel nieft Bieren a Quetschen organiséiert.[13][14]

Luxfruit[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. August 1963 gouf de Grondsteen fir d'Kooperativ Luxfruit zu Gréiwemaacher geluecht. Se konnt dat Joer drop mat hirem Uebstverkaf ufänken an déi 150 Membere beroden, fir datt s'e gewësse Standard vun hirem Uebst anhalen kéinten. D'Kooperativ hat e Lager mat enger Kapazitéit vun 300 Tonnen.[13][15][16] An den 1980er Jore gouf d'Luxfruit S.A. opgeléist.[17][18] D'Konkurrenz mat der Bauerenzentral vun Miersch an de wuessenden europäeschen Uebstmaart huet déi Entwécklung provozéiert.[Source?]

Arbeitergenossenschaft[änneren | Quelltext änneren]

Beim Nottär Jules Hamélius gouf “La Populaire, Arbeitergenossenschaft” oder och “La Populaire, Société coopérative ouvrière” den 13. Februar 1919 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. All Member misst 25 LUF als Startkapital bezuelen, fir dat d'Kooperativ mindestens 30 Joer laang bestoen kann. Et goufe 1400 LUF bei der Grënnungsversammlung gezielt. Den 4. Artikel vun den Statuten erkläert den Grond firwat des Kooperativ op d'Been gestallt gouf: “Betrieb von Handels-, Industrie- und Finanzgeschäften jeder Art [...], politische oder gewerkschaftliche Vereinigungen, Solidaritätswerke, Bibliotheken, Studienzirkel oder auch andere den intellektuellen, moralischen oder materiellen Bedürfnissen der Genossenschaften dienliche Einrichtungen gründen oder unterstützen.” D'Kooperativ ass un d'sozialdemokratesch Partei vu Lëtzebuerg, d'Virgängerin vun der LSAP, ugeschloss. Am Ganze gëtt et 75 Artikelen, déi d'Kooperativ organiséieren. Sou gëtt et e Verwaltungsrot vun 18 Memberen, Lokal-Sektiounen, Walen, Reglementer fir de Bäitrëtt an d'Opdeelung vum Gewënn duerch Zënsen, a Verschiddenes méi.[19] E klengen Artikel aus der sozialdemokratescher Zeitung Die Schmiede vum 15. November 1919 weist, datt déi Kooperativ vill Versammlungen ofgehale huet.[20]

A.P.E.M.H[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Association des parents d'enfants mentalement handicapés.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Artikel 2 vum Gesetz vum 10. August 1915 iwwer d'Handelsgesellschaften
  2. COOPÉRATIVE FRUITIÈRE, 40e anniversaire de la Coopérative fruitière de Steinsel. 12e édition de la fête des pommes, Steinsel 2003, S. 22-25.
  3. MART, Marcel (17/02/1961), Der Kampf hinter der Theke, in: d'Letzebuerger Land, Nr. 7, Letzebuerg 1961, S. 3. URL: https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/1qstgz/pages/3/articles/DTL134?search=kooperative [09/12/2021].
  4. Mouvement Ecologique a.s.b.l. (01/06/2016), EKOLOGESCH LANDWIRTSCHAFTSBERODUNG Vorankündigung Konferenz: Solidaresch Landwirtschaft (CSA) E Modell fir eng fair, kooperativ an ekologesch Landwirtschaft? Eng reell Chance fir de Bauer?, an: De Kéisécker info, S. 7.
  5. Mouvement Ecologique a.s.b.l. (01/07/2017), 02 NEI KOOPERATIV WIRTSCHAFTS- MODELLER FËRDEREN — DʼGEMENG ALS INITIATOR VUN ENGEM NEIE GESELLSCHAFTSMODELL, an: De Kéisécker info, S. 109.
  6. OTTELE, Jean-Marie, EKABE. Laiterie coopérative Eschweiler. Molkerei Pasquay, URL: https://www.industrie.lu/MolkereiPasquayEschweiler.html [13/12/2021].
  7. Pasquay & Maas - Canach. industrie.lu. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  8. LAFRONA. industrie.lu. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  9. Fritz Pasquay. industrie.lu. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  10. OTTELE, Jean-Marie, SOTEL, Esch/Alzette, URL: https://www.industrie.lu/SOTEL.html [13/12/2021].
  11. URL: https://web.archive.org/web/20211217130501/https://cobolux.lu/entreprise/ [13/12/2021].
  12. OTTELE, Jean-Marie, COBOULUX, URL: https://www.industrie.lu/COBOULUX.html [13/12/2021].
  13. 13,0 13,1 COOPÉRATIVE FRUITIÈRE, 40e anniversaire de la Coopérative fruitière de Steinsel. 12e édition de la fête des pommes, Steinsel 2003, S. 27.
  14. Eist Uebst a Geméis, Steeseler Uebstbau Genossenschaft. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  15. série agriculture 19. COMMUNAUTE ECONOMIQUE EUROPEENNE (1965). Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  16. industrie.lu, Luxfruit Grevenmacher. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  17. opencorporates, LUXFRUIT S.A. Gearchiveerd op 2021-12-25. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  18. LUXFRUIT S.A.. Luxembourg businesses Gearchiveerd op 2021-12-25. Gekuckt de(n) 25 Dezember 2021.
  19. La Populaire. Société coopérative ouvrière, Luxembourg: [Statut], Luxemburg 1920. Dat Statutenheft huet dem Schoulmeeschter J. P. Schmachtgen aus der Sectioun Letzebuerg gehéiert an ass haut an der Bibliothèque Nationale conservéiert.
  20. Die Schmiede. Organ der Sozialdemokratischen Partei Luxemburgs (15/11/1919), La Populaire Société coopérative ouvrière Luxembourg, S. 4, URL: https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/v6c1kw/pages/4/articles/DTL65?search=cooperative%20luxembourg [09/12/2021].