Luxlait

Vu Wikipedia
Luxlait Association Agricole
Typ Genossenschaft
Slogan Qualitéit vun heiheem
Grënnungsdatum 1894
Sëtz Am Seif
L-7759 Rouscht/Biissen
Lëtzebuerg
Leedung Claude Steinmetz (Direkter)
Produit Mëllechprodukter
Homepage www.luxlait.lu

D'Luxlait, déi gréisst Molkerei vu Lëtzebuerg, verkeeft ënner hirer Mark mam selwechten Numm Mëllech a Mëllechprodukter. Et ass eng Genossenschaftsmolkerei, déi deene Bauere gehéiert, déi duer liwweren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Luxlait gouf 1894 als privat Gesellschaft ënner dem Numm "Central-Molkerei" mat engem Kapital vum 60.000 Lëtzebuerger Frang gegrënnt. Si ass zu enger Aktiegesellschaft gewuess an huet sech an "Zentralmolkerei" ëmbenannt.

Am Zweete Weltkrich gouf et eng Zwangsëmgestaltung vun der Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft, an doduerch hunn d'Aktivitéite vun der Molkerei e staarken Opschwong kritt. D'Quantitéit vu Mëllech, déi all Dag geliwwert gouf, goung vun 2.000 Liter um Enn vun den drësseger Joren erop op 40.000 Liter um Enn vum Zweete Weltkrich.

1946 gouf de Betrib an eng Agrargenossenschaft ëmgewandelt an op "Molkereigenossenschaft Luxemburg - Laiterie de Luxembourg" ëmbenannt.

An de Joren nom Krich goung d'Zuel vun de Lëtzebuerger Molkereien staark erof: vun den 150, déi et 1948 nach gouf, blouwen der 12 Joer méi spéit nach just 5.

Den 2. Oktober 1978 hunn déi dräi lescht Lëtzebuerger Molkereigenossenschaften Celula, Laduno a Luxlait ënner dem Numm "LUXLAIT association agricole" fusionéiert.

Geschäftszuelen[änneren | Quelltext änneren]

2005 goufen an der Molkerei 118.479.256 kg Mëllech vu 545 Produzente verschafft. 248 Leit schaffen op der Luxlait. Den Ëmsaz 2005 war 61,7 Milliounen Euro.

60 % vum Ëmsaz gëtt baussent Lëtzebuerg gemaach, an éischter Linn an der Belsch, mä och soss doruechter mat Nischeproduiten, z. B. mat der Bottermëllech a Frankräich, wou Luxlait Leader an deem Segment ass, mat Tierkeschem Jugurt an Däitschland (deen ënner engem anere Label verkaf gëtt), asw.[1]

De Betrib produzéiert zu Rouscht (Luxlait) an zu Angelduerf (Laduno).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://streaming.newmedia.lu/radio/archivfiles/44ede2ff02f01a52c38dceb57970ce61.wma