Société anonyme

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Société anonyme (kuerz S.A.) oder Aktiegesellschaft, ass eng Rechtsform fir kommerziell Gesellschaften, déi dora besteet, datt d'Grondkapital a Form vun Aktien opgedeelt ass.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Bestëmmungen iwwer d'Aktiegesellschaften am Gesetz vum 10. August 1915[1] festgeluecht; dëst Gesetz gouf 2016 an enge sëllege Punkte reforméiert, déi méi Flexibilitéit erlaben, de Minoritéitsaktionäre méi Rechter ginn a verschidde Praktiken e gesetzleche Kader ginn[2].

Op den 31. Dezember 2022 waren 31.110 Aktiegesellschaften zu Lëtzebuerg enregistréiert[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales op legilux.lu, gekuckt den 22. November 2019
  2. Loi du 10 août 2016 portant modernisation de la loi modifiée du 10 août 1915 concernant les sociétés commerciales et modification du Code civil et de la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises op legilux.lu, gekuckt den 22. November 2019
  3. (fr)Nombre total d'entités immatriculées au RCS. www.lbr.lu (31/12/2022). Gekuckt de(n) 26.03.2023.