Angelduerf
Angelduerf | |
---|---|
Vue an d'Uertschaft | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Ingeldorf de: Ingeldorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Ierpeldeng op der Sauer |
Buergermeeschter | Claude Gleis |
Awunner | 789 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 192 m |
Koordinaten |
49° 51’ 11’’ N 06° 08’ 06’’ O |
Angelduerf ass eng Uertschaft an der Gemeng Ierpeldeng.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Angelduerf läit gréisstendeels um lénksen Uwänner vun der Sauer op enger Héicht vun 195 m (NG-L). Mam rietsen Uwänner ass et duerch eng Stroossebréck an eng Foussgängerbréck verbonnen. Direkt um nërdlechen Uertsrand verleeft Eisebunnsstreck Ettelbréck–Dikrech, dat lescht nach befueren an erhale Stéck vun der aler Streck Ettelbréck–Gréiwemaacher. Angelduerf huet awer keng eege Gare.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Angelduerf gëtt fir d'éischt Kéier am 13. Joerhonnert ënner dem Numm Engendorff ernimmt. 1823 koum eng Revisioun vun de Gemengen, wou dunn Angelduerf, zesumme mat Ierpeldeng, an d'Gemeng Ettelbréck agegliddert gouf. Am 19. Joerhonnert huet Angelduerf noeneen zu de Gemengen Dikrech an Ettelbréck gehéiert, éier et dunn zanter 1850 mat Ierpeldeng d'Gemeng Ierpeldeng forméiert. Am Joer 2024 hat Angelduerf eng Bevëlkerung vun 816.[1]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Angelduerf steet ganz am Südweste vun Angelduerf an der rue de la Sûre net wäit vun der Sauer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Angelduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Registre national des personnes physiques RNPP : Population par localité". data.public.lu. 10.09.2024.