Sauer

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Floss Sauer. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie).
Suuu
D'Sauer bei Maartel
An anere Sproochen fr: Sûre
de: Sauer
Längt 206 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 4.259 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Vaux-lez-Rosières
Héicht 510 m
Koordinaten 49° 55’ 3.76’’ N
      5° 30’ 48.49’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Musel
Plaz Waasserbëlleg
Héicht 129 m
Koordinaten 49° 42’ 48.4’’ N
      06° 30’ 24’’ O
Haaptnieweflëss Wolz (Wiltz), Uelzecht, Wäiss Iernz,
Our, Schwaarz Iernz
Geographie
Land Belsch
Lëtzebuerg
Däitschland
Uertschaften Martelange, Esch-Sauer,
Ettelbréck, Dikrech, Reisduerf,
Iechternach, Waasserbëlleg
Weier direkt ënnerzeg vun der Quell.

D'Sauer ass e Floss an der Belsch, zu Lëtzebuerg an an Däitschland, et ass e lénksen Niewefloss vun der Musel.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Si entspréngt beim Haff Planchipont[1] an der Sektioun Vaux-lez-Rosières vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, am Südoste vun der Belsch.

Vu Roumecht un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op där Streck, als Kondominium, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.

Zu Waasserbëlleg op der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.

D'Sauer ass 206 km laang, dovu sinn 136 km op Lëtzebuerger Territoire. Se zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt iwwer 70 km² hunn[2].

Uertschaften op der Sauer[änneren | Quelltext änneren]

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Et lafen an d'Sauer (dem Waasserlaf no)[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

  • Ruisseau du Wé (riets)
  • Ruisseau du Bultai (riets)
  • Ruisseau du Grand-Pré (lénks)
  • Ruisseau de la Fagne de Lescheret (riets)
  • Geronne (riets)
  • Moyémont (riets)
  • Chiehet (riets)
  • Ruisseau de Lipré (lénks)
  • Strange lénks
  • Ruisseau de Geronval (riets)
  • Ruisseau de Savipré (lénks)
  • Ruisseau de Tranquebois (riets)
  • Wissbich (riets)
  • Kleppelbaach (riets)
  • Molscht (lénks)

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. WalOnMap. geoportail.wallonie.be. Gekuckt de(n) 2021-06-27.
  2. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie