Op den Inhalt sprangen

Floss

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Waasserlaf)
E Floss an de Pyrenäen

E Floss ass e groussen natierleche Waasserlaf, an deem sech d'Waasser duerch d'Gravitatioun weiderbeweegt, bis datt et an en anere Floss, an e Séi oder an e Stroum leeft.

E gëtt duerch Quellen an Nidderschléi gefiddert an entsteet aus dem Zesummefloss vu Baachen oder anere Flëss. Am Allgemenge gëtt eng Baach zum Floss, wa Schëffer kënnen drop fueren, och wann et nëmme klenger sinn. A Länner, déi Flossuerdnungszuele benotzen, gëtt eng Baach zum Floss wa se d'Uerdnungszuel 4 kritt.

Flëss hu meeschtens Séisswaasser, a sinn doduerch e Liewensraum fir bestëmmt Planzen an Déieren, déi dovun ofhängeg sinn.

Vill Flëss ginn als Transportwee, also als Waasserstrooss benotzt, oder fir Drénkwaasser ze gewannen.

Wa Flëss vill Waasser féieren oder vill Gefäll hunn, kënne se benotzt gi fir Stroum ze maachen.

Well d'Fësch e wichtegt natierlecht Produkt sinn, hunn d'Fëscher d'Flëss a Regiounen, sougenannt Floss- oder Fëschregiounen agedeelt.

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng offiziell Andeelung vu Baachen a Flëss. Just am Fëschereigesetz gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht schëff- a flossbare Gewässer, de Grenzgewässer an dem Rescht. .

Ënner schëff- a flossbar Gewässer falen d'Musel, an d'Sauer vun der Musel bis op Ettelbréck do wou d'Uelzecht draleeft.

E Waasserlaf, deen an e Mier oder an en Ozean leeft, ass e Stroum. Wann en nëmme wéineg oder keng Nieweflëss huet, ass et e Küstefloss oder Küstestroum.

Fënnef längst Stréim

[änneren | Quelltext änneren]
Numm vum Stroum (Lag) Längt (km)
Nil (Afrika) 6.671
Amazonas (Südamerika) 6.516
Mississippi-Missouri (Nordamerika) 6.418
Jangtsekiang (Asien) 6.300
Jenissei-Angara 5.872
Commons: Flëss – Biller, Videoen oder Audiodateien