Uelzecht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Uelzecht
D'Uelzecht am Gronn
D'Uelzecht am Gronn
Längt 73 km
Hydrographesche Baseng Rhäin
Laf
Origine fréier eng Quell,
haut den Auslaf
vun engem Kollekter
Uertschaft  Villerupt
Héicht  315 m
Koordinaten  Gnome-globe.svg49° 28’ 25.81’’ N
     05° 56’ 01.28’’ O
Leeft an  d'Sauer
Uertschaft  Déifert Gemengegrenz
Ettelbréck-Ierpeldeng
Héicht  192 m
Koordinaten  Gnome-globe.svg49° 50’ 53.8’’ N
     06° 06’ 44.3’’ O
Geographie
Haaptnieweflëss  Mamer - Äisch
Atert - Mess - Waark
Land  Flag of France.svg Frankräich
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Uertschaften  Villerupt, Esch-Uelzecht
Beetebuerg, Lëtzebuerg
Miersch, Ettelbréck

D'Uelzecht ass ee franséisch-lëtzebuergesche Floss a mat 68 km op Lëtzebuerger Terrain den zweetlängste Floss vum Land. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Sauer a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.

D'Quell vun der Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eigentlech Quell vun der Uelzecht war südwestlech vu Villerupt am franséischen Departement Moselle, an engem schmuelen Dall an deem d'Cité Sainte-Claire läit. Un d'Uelzecht erënnert do nach just e Weier mam Numm Étang de l'Alzette. Bei der Industrialiséierung vum Dall ass d'Uelzecht grad wéi hir Niewebaache westlech vu Villerupt iwwerdeckelt a mat engem Kollekter ënner Villerupt erduerch gefouert ginn. Dee Kollekter kënnt bei Micheville aus dem Buedem eraus an et ass déi Plaz déi vun der franséischer Waasserverwaltung elo als Quell vun der Uelzecht definéiert gëtt. Se leeft vun do ënner dem Numm Canal de la Vacherie à l'Alzette bis op d'lëtzebuergesch Grenz zu Esch-Uelzecht. Hir eenzeg nennenswäert Niewebaach a Frankräich ass d'Beler déi vu Réideng kënnt.

Op franséische Landkaarten aus dem 16. Joerhonnert si sechs Niewebaachen bekannt, vun deenen der haut fënnef aus dem Landschaftsbild verschwonne sinn, an Esch ass als Mauvais-Esch uginn.

D'Uelzecht op Lëtzebuerger Terrain[änneren | Quelltext änneren]

Zu Esch leeft d'Uelzecht ënner der Uelzecht- an der Helen-Buchholz-Strooss erduerch a kënnt op der Héicht vum Schlassgoart, wou fréier d'Berwart-Schlass stoung, erëm un Dagesliicht. Bis 1911 goung hire Laf duerch déi haiteg Kanal- a Liberatiounsstrooss, fir dann an déi ënnescht Uelzechtstross anzebéien, déi 1905 ugeluecht gouf, woubäi d'Uelzecht iwwerdeckelt gouf.

Hanner Esch leeft se "durech d'Wisen", laanscht Schëffleng, Hënchereng, Fenneng, Beetebuerg, Léiweng, Bierchem, Béiweng, Réiser, Hesper an duerch d'Quartieren Hamm, Bouneweg, Polvermillen, Gronn, Clausen, Pafendall, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen vun der Stad Lëtzebuerg, wou se sech tëscht de Sandsteefielsen e Wee gesicht huet. Duerch d'Stad mécht d'Uelzecht op grousse Strecken och d'Grenz tëscht de Quartieren.

Hanner der Stad leeft d'Uelzecht viru laanscht Bäreldeng, Walfer, Steesel, Bouferdeng, Hielem, Hënsdref, Luerenzweiler, Pretten, Lëntgen, Gousseldeng a Rolleng. Se fléisst duerch Miersch, an da laanscht d'Uertschaften Biereng, Miesdref, Pëtten, Kruuchten, Kolmer-Bierg, Schieren a Grentzen ier se, no 73 km, tëscht Ettelbréck an Angelduerf an d'Sauer leeft.

Nieweflëss[änneren | Quelltext änneren]

D'Uelzecht bei Ettelbréck

Lénks[änneren | Quelltext änneren]

Riets[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Simmer, Alain: Aux sources de l'Alzette, in Hémecht Nummer 3, 1985, Säite 353-367.
  • Gaspard, Eugène: Note sur la source de l'Alzette. Le pays Haut, 1980, Nummer 1-2, Säite 37-40 in: Le Républicain Lorrain edition de Luxembourg, 10. Mäerz 1982.
  • Gaspard, Eugène: Les Sources de l'Alzette, Typoskript, 11 Säiten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]