Dipbech

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Dipbech
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Esch-Uelzecht
Héicht 317 m (fréier)
290 m (haut)
Koordinaten fréier:
49° 30’ 16.5’’ N
05° 55’ 31.3’’ O

haut:
49° 30’ 28.3’’ N
05° 57’ 27.0’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Lieu-dit
An de Lallengerfären
Héicht 279,9 m
Koordinaten 49° 30’ 24.5’’ N
05° 59’ 32.14’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Esch-Uelzecht


D'Dipbech oder Dippech (Däitsch: Thiepach, Dipbach, Franséisch: Dippach)[1] ass eng lëtzebuergesch Baach um Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht. Se ass e lénksen Niewefloss vun der Uelzecht a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Sauer an der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.

Se trëtt hannert de Killweieren vun ArcelorMittal Esch-Belval, um Flouer An Tiirmesäertchen, nieft dem Rond-point vun der N31 an der Offaart vun der A4, eng éischt Kéier als Baach an Erscheinung. Si leeft dann duerch d'Gewan mat de Flouernimm Elsebricht a Fettmet, ier se dann, nodeems s'ënner der Lëtzebuergerstrooss erduerchgelaf ass, hannert dem Parking vum fréiere Walzwierk ArcelorMittal Esch-Schëffleng, vu lénks an d'Uelzecht leeft.

Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1770 ass d'Quell vun der Dipbech um Hank vum Metzerbierg, op Rawittchen, südlech vum alen Duerfkär vu Bieles, uginn. Si ass déi Zäit duerch de Flouer Balesweier, Laangwiss a Brill gelaf, fir da virunzelafen wéi haut nach. Mam Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (dem haitege Site ArcelorMittal Esch-Belval) gouf dëse Laf ënnerbrach, resp. ënnerierdesch kanaliséiert.

D'Bett vun der Dipbech ass komplett betonéiert an zu engem groussen Deel ënnerierdesch a Réier. D'Gemeng Esch huet laangfristeg Pläng, s'op hirem ganze Laf ze renaturéieren, a sou e grénge Couloir tëscht Belval an dem zukünftege Quartier Alzette ze schafen.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dipbech – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Geoportail (Layeren: aktuell Kaart, Ferraris-Kaart (1778), topographesch Kaart (1927), Preisesch Kaart aus dem zweete Weltkrich (1939))

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J. Flies, Das andere Esch, (Luxembourg: Saint-Paul, 1979), 60.
  2. Nico Lasanen: "Eine neue Schule für Esch." Luxemburger Wort, 1. Februar 2018, S.n.