Quartier Alzette

Vu Wikipedia
Quartier Alzette
Weier am Schlassgaart
Verwaltung
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Schëffleng
Geographie
Koordinaten 49°30'16,5"N, 5°59'36,1"O
Fläch 62 ha
Géigend Minettsgéigend
Transport


Fréiere Waassertuerm vun der aler Schmelz, nationaalt Monument (Zousazinventaire).

De Quartier Alzette, och alt Metzeschmelz genannt, ass en urbanistesche Projet, an de Gemenge Schëffleng an Esch-Uelzecht, bei deem d'Areal vun der fréierer Metze Schmelz (dono Arbed Esch-Schëffleng an ArcelorMittal Rodange et Schifflange), op deem tëscht 1870 an 2012 Eisen a Stol produzéiert a verschafft gouf, bis 2035 an en neie Quartier fir 12.000 Awunner ëmgewandelt soll ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems et no iwwer 140 Joer mat den industriellen Aktivitéiten um Site (Schmelz, Walzwierk, Drotstrooss, Elektrostoluewen) 2012/13 fir zerguttst eriwwer war, huet d'ArcelorMittal, Proprietär vum gréissten Deel vum Terrain[1], zesumme mat der Regierung an den zwou betraffene Gemengen 2016 e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, de Site nees ze beliewen. D'Agora, déi jee zur Hallschecht dem Staat an ArcelorMittal gehéiert, soll sech dorëms këmmeren.[2]

2017 huet eng Etüd festgestallt, datt dat Ganzt realisabel wier, an de Buedem net iwwerméisseg verknascht ass.[3] 2018 gouf e Concours ausgeschriwwen, fir e Gesamtplang z'entwerfen, bei deem 2019, vu véier Entwërf[4] de Projet vum däneschen Urbanistebüro Cobe Architects zeréckgehale gouf.

De Projet[änneren | Quelltext änneren]

De Plang gesäit vir, nohaltege Wunnraum ze schafen, e Quartier vun de kuerze Weeër, deen un d'Schinnen- a Busreseauen ugebonne soll sinn an och mat Esch a Schëffleng gutt verbonne soll sinn. Sou soll eng nei Tramslinn tëscht der Stad Lëtzebuerg a Bieles, där hiren Trajet am September 2020 virgestallt gouf, duerch den neie Quartier goen.[5],[6]

Déi architektonesch Zeie vun der industrieller Vergaangenheet sollen souwäit et geet erhalen an/oder fir nei Zwecker ëmgebaut oder genotzt ginn.[7] An deem Sënn goufen Enn 2022 24 Gebaier an Objeten um Site als national Architekturierfschaft klasséiert[8].

D'Uelzecht an d'Dipbech, déi derduerch oder derlaanscht lafen, solle renaturéiert a mat de fréiere Killweieren an de Projet integréiert ginn.[7]

Am Ganze sollen op 62 Hektar bis 2030/35 12.000 Leit wunnen an der 7.000 schaffe kënnen. Ëm 2023/24 sollen déi éischt Louse verkaaft kënne ginn.[9]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Zoustand 2019

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi aner 10 % gehéieren dem Staat, ë. a. dem Fonds du rail.
  2. "Intro" op quartieralzette.lu (gekuckt 2019-06-22).
  3. Agora: "Rapport de synthèse des études environnementales et des diagnostics préalables." Septembre 2017.
  4. "Visionen für die Brache Esch/Schifflingen." wort.lu, 06.04.2019.
  5. Jeannot Ries: "François Bausch presentéiert Projet vu séierem Tram laanscht Escher Autobunn." rtl.lu, 22.10.2020 13:43.
  6. Luc Ewen: "2028 fährt die Tram bis nach Esch." wort.lu, 21.10.2020.
  7. 7,0 7,1 "Leitfragen" op quartieralzette.lu.
  8. "24 immeubles du site Metzeschmelz inscrits au Patrimoine culturel national." op administration.esch.lu, 11. Oktober 2022.
  9. Hansen (2019), an der Literatur.