Op den Inhalt sprangen

Keelbaach

Vu Wikipedia
Keelbaach
De renaturéierten Deel vun der Keelbaach op der Héicht vum Park Ouerbett zu Keel
Längt 17,97 km[1]
Debit 0,05 m³/s
Originn
Originn Quell
Plaz Aumetz
Héicht 380 m
Konfluenz
Leeft an Uelzecht
Plaz Hueschtert
Hunchereng
Héicht 273 m
Koordinaten 49° 30’ 52.37’’ N
      06° 03’ 52.70’’ O

D'Keelbaach[2] ass eng Baach déi duerch Frankräich a Lëtzebuerg leeft.

Hir Quell ass hautdesdaags administrativ zu Aumetz lokaliséiert, op enger Héicht vu ronn 380 Meter. Vun do leeft se no Osten, duerch de Fonds de Pierreuse an Direktioun Nonkeel, wou se am Dall da praktesch e rechte Wénkel an Direktioun Ëtteng mécht. Well awer praktesch all d'Waasser aus hirem ieweschte Laf am karstege Kaleksteen an an de Galerien aus der Géigend versickert, entspréngt d'Keelbaach quasi eng zweet Kéier bei Nonkeel, wou eng Pompelstatioun Waasser aus der Grouf Ëtteng II pompelt [3]. Ier d'Minièren zougemaach hu gouf se vun dräi Pompelstatiounen zu Ëtteng, an e puer anerer vun Aumetz, Tressange a Bure gefiddert.

Bei der Grenzmaark FL85 tëscht Rëmeleng an Ëtteng kënnt d'Baach op Lëtzebuerger Terrain a fléisst zu Hunchereng tëscht dem CR165 an der Huncherenger Millen an d'Uelzecht.

Um Territoire vu Lëtzebuerg huet Baach eng Längt vu ronn 9 km, dovun zu Rëmeleng 450 Meter ënner dem Buedem. De Sandre gëtt fir Frankräich eng Längt vun 8,97 km un, mat dem Numm Kaelbach an dem Code A8910300.

  • Pierreuse (haut vum Sandre als Quell festgeluecht, versickert awer ier se d'Keelbaach erreecht)
  • Les Fontaines (op der topographescher Kaart nach just bis virun Ëtteng agezeechent)
  • Walertflass (existéiert net méi)
  • zu Keel d'Biermecht an d'Puelbech



Commons: Keelbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. zesumegerechent Längt vum SANDRE a Geoportal.lu
  2. Op den topographesche Kaarte vum lëtzebuergesche Kadaster ass se mat Kaelbaach (1:20.000 Nr. 28 Esch-sur-Alzette, Editioun 1989) respektiv Kälbaach (Online-Editioun 2010) agedroen
  3. Déi Pompelstatioun gëtt vu Lëtzebuerg finanzéiert, fir d'Baach um Liewen ze halen