Diskussioun:Keelbaach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"De Laf vun der Keelbaach a Biller": Eng formidabel Iddi! Obwuel d'Keelbaach keng besonnesch erotesch Australung huet; keng Esplanade, keng Vëlospist niewendrun, net vill Millen op hirem Laf ...... --Cornischong 12:51, 13. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Mol kucke wéi d'Wieder dëse Weekend gëtt, bei Ree wuesse vläit nach e puer Millen. --Otets 23:33, 13. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Réckelen op Keelbaach ?[Quelltext änneren]

Moien, meng Fro:

ass et sënnvoll, oder net, d'Säiten Kaelbaach a Kälbaach opzemaachen an op Keelbaach weiderzeleeden? Dëst als Hëllef fir d'Benotzer vun de Kaarte vum Kadaster. --Cayambe 18:00, 25. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Et kann näischt schueden. Les Meloures 18:51, 25. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Hat dat hei net gesinn, hunn dem Cayambe op seng Benotzersäit geschriwwen. Mee Redirecte si generell gutt. --Otets 20:48, 1. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Ännerunge 6.-9. Mee[Quelltext änneren]

Dat heite war en Artikel, fir deen ech deemools relativ vill recherchéiert hat. Wou d'Quell genee lung, do ginn d'Source lit auserneen (se sinn och net méi all online, a wéi eng Bicher ech hat weess ech net méi), mee alles déit awer op Bassompierre hin. Ech war do, do leeft och tatsächlech eppes, mee ech wollt net duerch di ganz Supp mi nërdlech goen a südlech sinn ech vun enger Autobunn an duerno Strooss opgehale ginn. Do kann een nach weiderfuerschen.

Op alle Fall sinn ech net esou einfach d'Accord, datt s de d'Quell vun der Pierreuse als ursprénglech Quell vun der Kälbaach deklaréiers (egal wat déi vum DREAL schreiwen, déi meng Quell als "pertes du Killebrick à Havange et du ruisseau de Boulange" gesinn (S.39) déi südlech giffe fortfléissen) an d'Pierreuse als Niewebaach sträichs (och wann déi franséisch Verwaltung dat hautdesdaags esou wëll, mee dat ass geschichtlech falsch). En plus hues de jo selwer Boulange als Anzuchsgebitt dra stoe gelooss. Meng Beschreiwung berout deelweis op deem wat ech um Terrain als Waasserlaf oder ausgedréchent Bett gesinn hunn, an deelweis op den topographeschen Héichtelinnen.

Kann dat mat de Vogesen dann net gaaanz wäitläifeg stëmmen? D'Source ass iwwregends de Site vum Käldall, mee och dee vun der Käler Gemeng.

Dat wonnert mech mech net, do huet een deen ech kennen, an bei deem aneren ofgeschriwwen. Ech hunn dee schonn informéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 06:51, 14. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Ënner "Laf vun der Keelbaach a Biller" stoungen d'Fotoe vun der aktueller Quell bis bei d'Mëndung. Et ass jo am Prinzip schéin eng weider Foto uewen ze hunn, mee ouni Quell ass de Billerband elo iergendwéi gekäppt. Kann déi net erëm erof kommen? Ech kéint och nach weider Fotoen eroplueden, mee bei Bassompierre hunn ech net alles lückenlos. --Otets 19:51, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]


Moien wéi s de gesinn hues gouf an der Geschicht vun der Baach näischt geännert, ausser datt e puer Informatiounen derbaikoumen sou wéi d'Versickerung vum Killebrick, (déi geologesch ënnersicht a beluecht ass) d'Rektifikatioun datt de Rëmelenger Weier net zu Rëmeleng mä nach a Frankräich ass (wat menger Meenung no e graffe Feeler war). D'Beschreiwung vun der Baach vun haut soll sou gemaach ginn, wéi se haut ass, a wéi se och administratif festgehalen ass. Ech deklaréieren d'Quell jo och guer net als ursprénglech, mä als déi Situatioun wéi se haut vum SANDRE a vun anere franséische Verwaltungen ugesi gëtt. Datt de Killebrick fréier eng Kéier den Ursprongslaf war huet jo keen ofgestridden. Mä eng Enzyklopedie muss d'Situatioun vun haut unhand vu de Verwaltungsdokumenter vun haut beschreiwen. An d'Geschicht soll alles komme wéi et fréier war.
Wann een um Site vum Käldall en Heizungsinstallateur eppes vu Vogese gebraddelt huet, da musse mer dat net onbedingt noplapperen, dat ass kommplett nieft der Schinn. Den Deel vun deem mir schwätzen ass den ëstlechen Deel vum Plateau de Briey deen d'Fortsetzung vum Plateau lorrain ass. Einfach mol eng Reliefkaart vun de Vogese kucken, do gesäit ee schéin wou et dermat eriwwer ass.
--Les Meloures (Diskussioun) 20:23, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn elo mi kloer an den Artikel drageschriwwen, wéini wat als Quell gegollen huet. D'Reliefkoart vun de Vogesen huet keng Lännergrenzen (ok, déi heite schonn). --Otets 21:07, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Wa mäi Verhalt gutt ass da sinn d'Vogesen eng geologesch Formatioun déi gutt 100 Millioune Joer méi jonk ass wéi eis Minettesformatiounen. Dat eent huet mat deem anere guer näischt ze dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:34, 9. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

E puer Wierder zur Bemierkung: geschichtlech Quell, déi administrativ, an déi wierklech

Déi geschichtlech Quell ass déi, sou wéi se virun dem Abroch vun der Doline um Laf vum Fossé de Killebrick war (wann dat effektiv de Laf vun der Keelbaach war, sou wéi et hei beschriwwe gëtt). Duerno hat dat Waasser keen Zesummenhank méi mat dem Rescht vun der Keelerbaach, well et duerch déi karsteg Formatioun an duerch d'Galerien an d'Däll vun der Fensch an der Veymerange ofgeleet gëtt. Aner Deeler déi virdrun um Plateau nach eventuell en Zesummhank dermat haten, zéien no aner Säite fort.

Wat elo déi wierklech ugeet sou ass dat och déi administrativ an dat aus engem gudde Grond, an zwar well et dat eenzegt bekannt Uewerflächewaasser ass, dat noch Kontakt mam Laf vun der Baach huet. Wa Wëssenschaftler wéi Hydrobiologen, Geologen an Ëmweltspezialisten dat an en etlech Dokumenter als Tatsaach festgehalen hunn dann dierft dat net méi vun e puer Lëtzebuerger zur Debatt gestallt ginn (Ausser si hätten déi néideg Ausbildung an e Pak voll Argumenter), an dann ass et menger Meenung no net richteg vun enger administrativer Quell (wat dat och ëmmer soll sinn) ze schwätzen. Quellen a Waasserleef gëtt et oder et gëtt se net. D'Franséisch Waaserverwaltung weess bestëmmt vu wat se schwätzt, well et ass bei wäitem net den eenzege Fall a Frankräich. D'Hoffnung datt d'Baach an den éischte puer Honnert Joer erëm den ale Wee soll lafen ass quasi null, well et dobäi net duergeet datt Galerien erëm ganz ënner Waasser stinn, mä well déi karsteg Formatioun et einfach net méi zouléisst. (Dofir gëtt et och Rapporten mat explikativen Zeechnungen)

Déi zwéi Grief déi aus de Griechten Fonds de Nonkeil a Kohlbusch kommen an an de Fonds de Bure also de sougenannten ale Laf vun der Baach lafen, hunn och kee siichtbaren uewrierdeschen Offloss méi.

Als lescht ass mer nach opgefall, datt mir keen awer och guer kee geschichtlechen a wëssentschaftleche Beleg iwwer de sougenannte fréiere Laf vun der Baach hunn. Ech hunn och bis elo nach a kengem franséische Rapport bis elo iergendeng Spur dervu fonnt a komescherweis ass souguer op ale Landkaarte keng Baach do agezeechent, par konter gëtt a veschiddene Rapporte vun enger Vallée sèche geschwat. Deemno Affaire à suivre. --Les Meloures (Diskussioun) 09:09, 10. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Ech hu vun administrativ geschwat, well d'Pierreuse haut dach och keng Verbindung méi zur Keelbaach huet, an dofir haut net als wierklech Quell ka gëllen. Oder leeft do nach eppes no vill Reen?
Um Internet konnt een 2008 wéi ech mäin Deel zum Artikel bäigedroen hunn näischt iwwer Aumetz als Uert vun der Quell liesen. Mee dofir awer Siten di iwwer Killebrick a Kayle geschwat hunn, an déi eng geographesch net eendeiteg zouzeuerdnend Beschreiwung vun enger Quell bei Bassompierre ginn hunn (e klengen Text, esouwäit ech mech entsënnen op orangem Hannergrond). De www ass haut en aneren, keng Sourcë vun 2008 mi ze fannen, awer d'Pierreuse als Kälbaach ëmdeklaréiert. Wat soll ech dann elo nach als Beleg bréngen, et ass näischt mi ze fannen, net emol méi op archive.org. An och iwwer de Finanzement vum Lëtzebuerger Stad fir eng ganz bestëmmte Quantitéit Waasser steet néierens mi eppes.
Mer musse wuel nees eng Kéier op d'Plaz goen. --Otets ♣ 21:57, 13. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Wann s de 2008 näischt anescht fonnt has, dann has de warscheinlech net gutt gesicht. Well D'Fiche um SANDRE gëtt et schonn zanter 2006 um Internet. Ech gesinn, dat hei ass déi selwecht Geschicht wéi deemols, wéi mer den Artikel vun der Péitrus gemaach hunn. Do koumen och déi verschiddenst Märercher op den Dësch. Kënne mer ons dann net einfach un dat hale wat déi Leit déi wierklech eppes dervu verstinn, äis soen. Bei der Uelzecht war deemols och iergendsou eppes. --Les Meloures (Diskussioun) 06:51, 14. Mee 2014 (UTC)[äntweren]
Dat kënne mer, mee och wa Bassompierre giff ausscheeden, Aumetz halen ech eleng scho wéinst der Topographie fir net déi ursprénglech Quell. Seet d'Literatur da geschichtlech gesinn näischt iwwer eng aner Quell südlech vun Nonkeel? Well do gëtt et noweislech en ausgedréchent Bachbett (just ech sinn ëm 2008 net bis zum Schluss nogaangen). --Otets ♣ 07:54, 21. Mee 2014 (UTC)[äntweren]

Wat een net alles sou fënnt:

Le tourisme à Aumetz

Une visite touristique commence sans doute par celle du Musée des mines de fer. Les visiteurs découvrent dans cet endroit le début de l’exploitation du fer ainsi que son histoire. Ils y apprennent également les méthodes de manipulation d’une machine d’extraction. Pour ceux qui préfèrent une évasion au cœur de la nature, le ruisseau Kaelbach offre l’occasion de s’adonner à la natation. --Les Meloures (Diskussioun) 21:07, 13. Mee 2014 (UTC)[äntweren]