Pafendall

Vu Wikipedia
Pafendall
Vue op de Pafendall an d'Rout Bréck am Hannergrond
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Pfaffenthal
de: Pfaffenthal
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 1.303
  31.12.2022
Fläch 37,52 ha
Héicht 293 m
Koordinaten 49° 36’ 57’’ N
      06° 07’ 55’’ O

De Pafendall ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Pafendall läit an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, tëscht de Quartieren Eech a Weimeschkierch am Norden a Clausen am Süden. Ëstlech dervu läit de Kierchbierg a westlech de Stadgronn, d'Uewerstad an de Lampertsbierg. De Quartier Pafendall besteet aus dem Pafendall selwer an aus dem Sichenhaff am Norden.

Op all Säit vun der Uelzecht steet eng gutt erhale Paart vun der Vaubans-Festung: lénks d'Eecher Paart (Porte d'Eich) a riets d'Sichepaart (Porte des Bons-Malades). Béid Paarte sinn iwwer de Béinche matenee verbonnen. Aner Repère sinn d'Rout Bréck, den neie Panorama-Lift, den Arrêt Pafendall-Kierchbierg mam Funiculaire, de Siège vum Sang a Klang an den Oekozenter.

De Pafendall huet eng Fläch vun 37,52 ha a läit op enger Héicht tëscht 238,9 an 293,0 m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zu Réimerzäiten war am Pafendall eng Bréck iwwer d'Uelzecht, iwwer déi d'Strooss vu Reims op Arel a weider op Tréier gefouert huet[1]. Iwwerreschter vun der Réimerbréck si bei Niddregwaasser an der Uelzecht no bei der haiteger Bréck (rue du Pont) vis-à-vis vun der Pafendaller Kierch ze gesinn[2].

Den 30. Mee 1976 owes gouf et am Pafendall eng schwéier Explosioun an e grousst Feier. D'Ursaach war Bensinn, deen zu Zéisseng vum Chauffer vun enger Transportfirma iertemlecherweis an d'Kanalisatioun lafe gelooss gouf, an där d'Gase méi spéit duerch Fonke vun engem Killaggregat explodéiert sinn[3]. Den Ausgangspunkt vun der Explosioun war Beim Béinchen, an deen Deel vum Pafendall war komplett an e Koup gefall. Et goufen dräi Doudeger a 17 Schwéierblesséiert dovun 2 Pompjeeën. 45 Leit déi keen Daach méi iwwer dem Kapp haten, goufen an der Jugendherberg opgeholl. Eng Plack an der rue du Pont erënnert un d'Accident.

D'Pafendaller Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Pafendaller Kierch hir Dieren 1847 opgemaach hat, goufen de Pafendall an de Sichenhaff vun der Par Sankt Méchel lassgeléist an als eege Par etabléiert[4].

D'Kierch ass no dem Zweete Weltkrich bekannt ginn, well den deemolege Paschtouer Jean-Pierre Ries a säi Koschter Hary Wiesen mat Hëllef vun der Thérèse Strauss ënner Liewensgefor sechs Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert am Kierchtuerm verstoppt haten, Lëtzebuerger, déi net an enger preisescher Uniform kämpfe wollten. Et waren dat de Vic Fischbach, de René Schiltz (Brudder vum Aloyse Schiltz), de Gaston Kerger, den Nicolas Schaefers, den Emile Schaefers an de Lucien Kraus[5].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Pafendall.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Op den 31.12.2022 hunn am Pafendall 1.304 Leit gewunnt, wouvun 38,27 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 61,73 % Auslänner[6].

Pafendaller no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Undeel
TOTAL 1 303 100,00%
1 Lëtzebuerg 499 38,30
2 Frankräich 193 14,81
3 Portugal 175 13,43
4 Italien 80 6,14
5 Däitschland 35 2,69
6 Spuenien 33 2,53
7 Belsch 24 1,84
8 Vereenegt Kinnekräich 15 1,15
9 Griicheland 14 1,07
10 Polen 11 0,84
Eritrea 11 0,84
Top 10 1 090 83,65%
Aner Nationalitéiten 213 16,35%

Fliederchersdag[änneren | Quelltext änneren]

Den drëtte Sonndeg no Ouschtere gëtt um Sichenhaff de Fliederchersdag gefeiert. Den Interesseveräi vum Pafendall-Sichenhaff, deen d'Feier organiséiert, verdeelt deen Dag virdrun, um Samschdeg, no enger Mass an der Kapell um Kierfecht, Eeërfliedercher un d'Leit[7].

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit aus dem Pafendall[änneren | Quelltext änneren]

Filmer iwwer de Pafendall[änneren | Quelltext änneren]

  • 1947: 100 Joer Porfeier 1947. De Film gouf vun der Firma Photo-Hall Bertogne realiséiert. En ass am CNA zu Diddeleng archivéiert.
  • 1982: 125 Joer Sang a Klang. De 45-Minutte-laange Film ass vum Amateur-Cinéaste Henri Eltter. Et geet ëm d'Veräinsgeschicht, mä och ëm d'Pafendaller Festungs- a Lokalgeschicht. En ass am CNA zu Diddeleng archivéiert.
  • 1991: Le pont rouge vum Geneviève Mersch. Am Film geet et ëm d'Reaktioun vun de betraffene Pafendaller Awunner op alles wat vun der Rouder Bréck an de Pafendall erof gefall ass, inklusiv d'Mënschen déi d'Flemm mam Liewen haten, dat bis datt 1993 e Schutzgelänner installéiert war.
  • 2001: D'Stopp an der Pafendaller Kiirch 1943-1944. De Film gouf am Joer 2001 vum René Schiltz am Optrag vun den Enrôlés de force realiséiert. Am Film geet et ëm déi sechs Refractairen déi am Zweete Weltkrich ënner dem Daach an der Pafendaller Kierch verstoppt waren. En ass am Besëtz vum CNA. All d'Acteure ware Member vum Sang a Klang Pafendall.[9]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Billergalerien[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Service des sites et monuments, 2005. L'héritage culturel Vauban à Luxembourg.
  2. Websäit vum Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff, cf. ënner L'histoire en bref.
  3. René Clesse, ons stad 13, 1983.
  4. J.-C. Loutsch 1982.
  5. René Schiltz, 1982.
  6. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.
  7. F.T. (Fernand Theato): Fliederchesdag um Sichenhaff. Luxemburger Wort vum 27. Abrëll 2012, S. 26.
  8. Guy Krier 1982
  9. Fir déi 4 Filmer iwwer de Pafendall, cf. Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007, S. 87-88.