Fliederchersdag

Vu Wikipedia
E Kuerf voll Eeërflueden, déi traditionell op Fliederchersdag um Sichenhaff verdeelt ginn
D'Kiermesmass um Sichenhaff

De Fliederchersdag[1] ass de Kiermessonndeg um Sichenhaff, also den drëtte Sonndeg no Ouschteren an éischte Sonndeg vun der Oktav. Den Dag gëtt och alt Blatzfliedchen, Sichenhäfferchesdag oder Fliedercherskiermes genannt[2].

De Fliederchersdag geet op d'Leproserie zeréck, déi vum 13. bis Enn vum 18. Joerhonnert um Sichenhaff bestoung. D'Leit aus dem Pafendall hu sengerzäit Eeërfluede gebak a verkaaft. Den Erléis ass un déi Aussätzeg gaangen. De Brauch deen iwwert d'Zäit verluer goung, ass an den 1970er Jore vum lokalen Interesseveräin nees agefouert ginn. Hautdesdaags gëtt samschdes d'Kiermesmass an der Kapell gefeiert an duerno ginn d'Fliedercher un d'Leit verdeelt.

Änlech wéi sech déi Verléift géigesäiteg Bretzelen an Ouschtereeër schenken, war et fréier och Usus datt en Eeërflued verschenkt gouf, deen déi zwéin dann zesumme giess hunn. Dacks war dat mat enger Wallfaart op de Sichenhaff verbonnen[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fliederchersdag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och dacks an der Schreifweis Fliederchesdag (ouni <r> ze fannen)
  2. DicoLux - Fliederchesdag. Luxemburger Wörterbuch. dico.uni.lu. Gekuckt de(n) 07.05.2022.
  3. A. Toussaint, Ronderëm de Fliederchesdag. www.actioun-letzebuergesch.lu (24.04.1999). Gekuckt de(n) 07.05.2022.