Op den Inhalt sprangen

Alain Atten

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alain Atten
Gebuer 22. Februar 1938
Wëlwerwolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Historiker, Dialektolog
Member vun Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal


Den Alain Atten, gebuer den 22. Februar 1938 zu Wëlwerwolz, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Den Alain Atten ass als Kand zu Esch-Sauer opgewuess; säi Papp war vun Housen a seng Mamm vun Ouljen. Hie goung zu Dikrech an de Kolléisch an an der Stad Lëtzebuerg an d'Industrieschoul. Doduerch huet hie scho fréi ënnerschiddlech Dialekter aus dem Land doruechter kennegeléiert, déi säin Intressi un der Sprooch wakereg gemaach hunn[1].

Dono huet hie Geschicht a Mediävistik op der Uni zu Tréier studéiert an ass an der mëttelalterlecher Geschicht an an den ale lëtzebuergesche Bräich spezialiséiert.

Hie war vun 1963 bis 2003 Archivist an den Nationalarchiven. Nom stënterlechen Doud vum Robert Bruch huet hien deem seng Aarbecht un engem Sproochatlas weidergefouert an huet eng 15 Joer laang a senger Fräizäit 546 Uertschaften am Land an 71 am Areler Land besicht, wou e Leit vun do, déi schonns zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert un do gewunnt hunn, dono befrot huet, wéi si fir eng ganz Rëtsch vu Wierder oder Begrëffer soe géifen. Seng Notizen dozou goufen awer eréscht 2023 als Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 publizéiert[1].

Den Alain Atten huet och Lyrik, Prosa, Dréibicher an Theaterstécker geschriwwen an ass bekannt duerch seng Emissiounen um Radio.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • mam Claude Schmit: Lëtzebuerger Sproochatlas 1900. Laut- a Formenatlas. Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique, 2023.
  • D'Hobitz. Novell. Kremart Éditions, 2020 (=Kremart Kanephora Band 9). ISBN 978-99959-39-49-6
  • Déi Säit dem Scheet. Kremart Éditions, 2019 (=Kremart Kanephora Band 8).
  • Alle Véierzéin. Kremart Éditions, 2018 (=Kremart Kanephora Band 6). ISBN 9789995939465
  • D'Kuebennascht. Eng Kueberei, nëmmen eng gedreemt. Kremart Éditions, 2017. ISBN 978-99959-39-02-1.
  • De Sproochmates II - Brauchkalenner - Riedensarten - Wuertlandkaarten; Esch/Uelzecht, Éditions Schortgen, 2013; 256 Säiten, Ill. vum Roger Leiner; mat engem mp3-CD, vum Alain Atten geschwat. ISBN 978-2-87953-190-8
  • De Sproochmates erzielt! ; Esch/Uelzecht, Éditions Schortgen, 2010; 256 Säiten, Ill. vum Roger Leiner; mat engem mp3-CD, vum Alain Atten geschwat; ISBN 978-2-87953-110-6
  • Klëppelkrich - Erinnerungen einer Landschaft ; erausgi vun 'Islek oni Grenzen' (Drock: Fr. Faber) an der Série vun de Publications nationales; Virwuert vun der Kulturministesch Mme Erna Hennicot-Schoepges (Ss. 5-6); 683 Säiten (ill., Bibliogr.); ISBN 2-87984-048-1. Vgl. dozou: Paul Margue, Neuerscheinung: Klëppelkrich 1798 - Erinnerungen einer Landschaft ; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 16 / 1999 (= Kulturbäilag vum Luxemburger Wort vum 16. Mee 2002).
  • De Klëppelkrich a Biller, Weiswampach: Islek ohne Grenzen EWIV, 1998
  • Die Luxemburger in der Schlacht von Crécy, Johann der Blinde Graf von Luxembourg, König von Böhmen 1296-1346, Publications de la Section Historique de l'Institut Grand-Ducal de Luxembourg, Volume CXV (Luxembourg, Imprimerie Rapid Press), 1997
  • Néierewou. En Heckebuch mat Biller vum Pe'l Schlechter, zesumme mat enger Musekskassett erausgi vun den Éditions Kremer-Muller, 1992
  • De Päerdsdéif, eng Operett, Musek vum Pierre Nimax), 1991
  • Le Luxembourg à la fin de l'Ancien Régime - Structures politiques, sociales et économiques ; Broschür zu enger Dokumentarausstellung am Stater "Cercle municipal" (6-31 Januar 1989), erausgi vum Lëtzebuerger Nationalarchiv, 1989; 87 Säiten.
  • Le wallon frontalier de Doncols-Sonlez / Grenzwallonisch aus Doncols-Soller ; in: Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde, Nr. XV, erausgi vum Institut grand-ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie, Lëtzebuerg (Drock: Bourg-Bourger), 1980; 107 Säiten.
  • Jeanne-Claude des Armoises, de la Meuse au Rhin: la trame possible d'une intrigue ; in: Bulletin de l'Institut archéologique du Luxembourg [belge], Jgg. 54 (Arel, 1978), Nr. 3-4, Ss. 35-88. - Vgl. dozou: Roger Senzig & Marcel Gay, L'affaire Jeanne d'Arc ; Verlag Florent Massot, 2007; Neiausgab 'Le Livre de Poche', 2009: Ss. 94, 210, 213; kuckt och Philippe Contamine, Olivier Bouzy a Xavier Hélary, Jeanne d'Arc - Histoire et Dictionnaire ; Paräis (Rob. Laffont, coll. Bouquins), 2012: Ss. 702 an 1122.

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Marc Thill: "Der Sproochmates Alain Atten und sein Lebenswerk." wort.lu [w+], 22.06.2023.
  2. Zusammenhalt, Wahlen und Europa op journal.lu vum 23. Juni 2018