Lëtzebuerger Sproochatlas 1900

Vu Wikipedia
Bei der Presentatioun, den 19. Juni 2023.

De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 ass e Sproochatlas iwwer d'Ënnerscheeder a Form an Toun, vun den Dialekter vum Lëtzebuergeschen, deen 2023 vum Alain Atten a Claude Schmit erausbruecht gouf.

E baséiert op Material, dat den Alain Atten an den 1960er an 1970er Jore gesammelt huet, andeems e 618 Uertschaften zu Lëtzebuerg an am Areler Land zu Fouss besicht huet, a sech do vu Gewäersleit, déi all ëm 1900 oder virdru gebuer waren (wat den Titel erkläert), soe gelooss huet, wéi ee fir bestëmmt Wierder an där Uertschaft seet. En huet dann déi verschidde Variante vun Hand op Fichë festgehalen oder agezeechent.

Domat huet hien d'Aarbecht verdéift a virugefouert, déi de Robert Bruch ugefaangen hat, ma wéinst sengem stënterlechen Doud, 1959, net ofschléisse konnt. Wat dëse bis dohin zesummegestallt hat, war 1963 am Luxemburgischer Sprachatlas publizéiert ginn.

Iwwer 50 Joer méi spéit goufen och dem Alain Atten seng Relevéë vum Geograph Claude Schmit digital erfaasst, sou datt net nëmmen eng Drockversioun mat 572 Kaarten entstanen ass, ma och eng Basis geschafe gouf, fir weidert Material - z.B. iwwer diachron Entwécklungen - digital z'erfaassen an ze verschaffen.[1]

En zweete Volume iwwer lexikal Varianten ass schonn a Virbereedung.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. R. Roos, an der Lit.