Luxemburgischer Sprachatlas
De Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- und Formenatlas ass e Sproochatlas, dee vum Robert Bruch ausgeschafft gi war an, no deem sengem stënterlechen Doud, vum Ludwig Erich Schmitt 1963 erausgi gouf.
Et handelt sech dobäi ëm eng Sammlung vun 173 Landkaarte vu Lëtzebuerg a senger direkter Noperschaft, op deene, bis op eenzel Dierfer genee, festgehalen ass, wou watfir dialektal Variante vu bestëmmte Lemmata oder Deelsätz gebraucht ginn.
E baséiert op de sougenannte "Wenker-Sätz", déi an der däitscher Dialektologie gebraucht ginn, an déi déi verschidde lautlech oder grammatikalesch Variatiounen doruechter beispillhaft beleeën hëllefen.
D'Claudine Moulin (Universitéit Tréier) huet den Atlas (dee vergraff ass), an Zesummenaarbecht mam Fonds national de la recherche, den Universitéite vun Tréier a Lëtzebuerg an dem Deutscher Sprachatlas zu Marburg als Digitaler Luxemburgischer Sprachatlas online zougänglech gemaach. Fir d'Kaarte kënnen ze kucke brauch een allerdéngs e Plugin, deen nëmme mat wéinege Browsere funktionéiert.
Eng aner méi einfach Online-Versioun vum Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- und Formenatlas (1963) ass déi vun der Uni du Luxembourg.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilles, Peter / Moulin, Claudine (2008): Der digitale luxemburgische Sprachatlas (LuxSA). Stand und Perspektiven. In: Germnistische Linguistik 190-191 [Stephan Elspaß/Werner König (Hg.): Sprachgeographie digital - Die neue Generation der Sprachatlanten], 133-148. ISBN 978-3-487-13631-8