Péil Schlechter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pe'l Schlechter)
Péil Schlechter
De Pe'l Schlechter am Oktober 2022
Gebuer 20. Abrëll 1921
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Zeechner, Dichter, Architekt, Grafiker
Famill
Papp Demy Schlechter
Geschwëster Ger Schlechter
Kanner Pit Schlechter (Auteur)

De Pe'l[1] Schlechter, gebuer als Paul-Marie Schlechter den 20. Abrëll 1921 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[2], Architekt a Graphiker.

Hien ass de Lëtzebuerger duerch seng verschidde graphesch Aarbechten (Plakater, Illustratiounen, Bande dessinéeën, Timberen, Exlibris, Placketten a Mënzen) awer och duerch seng Gedichter, Geschichten, Texter an Artikele gutt bekannt.

A senger Chronik iwwer Comicken zu Lëtzebuerg bezeechent de Luke Haas hien als de Pionéier vun der lëtzebuergescher Bande dessinée, dee sech mat engem minimalisteschen Zeechestil als éischte Lëtzebuerger op "de Comic-Parkett" gewot huet. Dem Pe'l Schlechter seng Comics a Karikature sinn ënner anerem an de Wochenzeitungen d'Lëtzebuerger Land a Revue erauskomm.

Säi Comic De Bim an de Jopi ass am Oktober 1948 an der Revue ugelaf an huet no zwou Geschichten (49 Fortsetzungen) am Oktober 1952 opgehalen. 1964 huet de Pe'l Schlechter mat dem Zeechne vu Comics opgehalen.

1970 war hien ee vun de Matgrënner vum Aikido Club Luxembourg.

Tëscht 1974 an 1976 gouf dem Pe'l Schlechter seng éischt Geschicht iwwer "De véiereckege Rondel" an der Revue de la Jeunesse nach eng Kéier opgeluecht.

Hien ass de Jong vum Demy Schlechter an de Brudder vum Ger Schlechter.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Einfach esou. E Grapp erfonnte Geschichen. Éditions Guy Binsfeld, 2023, ISBN 978-2-
  • Wéini kënnt fréier erëm? Et kann net ëmmer Krich sinn. Éditions Guy Binsfeld, 2013, ISBN 978-2-87954-276-8
  • De Pol muss an de Krich. Erënnerongen an Niewesaachen. Éditions Guy Binsfeld, 2012, ISBN 978-2-87954-259-1
  • De Bim an de Jopi - (De véiereckege Rondel / De bloen Hari), Ed. Saint-Paul, 1993, Zack Publications

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thill, M., 2021. Künstlerischer Tausendsassa wird hundert. Der Grafiker, Designer, Dichter und Comic-Zeichner hat Luxemburg auf mannigfaltige Weise geprägt. Luxemburger Wort vum 20. Abrëll, S. 19.
  • Comics in, aus und über Luxemburg - Luke Haas - Éditions Schortgen - 2007 (S. 128-133)
  • Crayon - Plume - Pinceau. Hommage à Pe'l Schlechter. - Luxembourg: Société des Foires Internationales de Luxembourg, 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péil Schlechter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. a senger eegener Schreifweis
  2. De Paul Schlechter op der Websäit vun der Fédération des Enrôles de Force