Pit Schlechter (Auteur)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Pit Schlechter. Fir de Vëlossportler, kuckt wgl. Pit Schlechter (Vëlossportler). |
| Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Pit Schlechter | |
|---|---|
|
De Pit Schlechter op de Walfer Bicherdeeg (2022) | |
| Gebuer | 29. Januar 1949 |
| Alter | 77 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Stater Jongelycée, Cours supérieurs, Universitéit Saarbrécken |
| Aktivitéit | Lycéesprofesser, Auteur |
| Famill | |
| Papp | Péil Schlechter |
|
| |
De Pit Schlechter, gebuer den 29. Januar 1949[1], ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
No senger Première am Stater Jongelycée huet hien ee Joer op de Cours universitaires an duerno op der Universitéit Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiert an zum Dr phil. promouvéiert. Hie war bis zu senger Pensionéierung Enseignant fir Däitsch ë. a. zu Dikrech an zu Miersch an ass fräie Mataarbechter beim LOD.[2]
Fir säi Buch De Fléiepëlz, E Lëtzebuerger Orbis Pictus krut hien 2022 de Lëtzebuerger Buchpräis.
De Pit Schlechter ass e Bouf vum Pe'l Schlechter.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell: biografesch Notiz an De Fléiepëlz, E Lëtzebuerger Orbis Pictus, S. 116
- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Pit Schlechter, ein 'Knouterer', schnappt sich den Buchpreis." wort.lu [w+], 17.11.2022.
