Lëtzebuerger Buchpräis

Vu Wikipedia

De Lëtzebuerger Buchpräis ass e Präis, dee vum Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren zanter 2006 all Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg vergi gëtt.

Zanter 2010 geschitt d'Selektioun an zwéi Schrëtt: Fir d'éischt huet eng Fachjury[1] tëscht de ronn 40 Bicher, déi déi Editeuren, déi Member vum Verband sinn, aus hire rezente Publikatiounen nominéiert haten, der 16 erausgesicht, jee véiermol 4 pro Kategorie. Dës Kategorië sinn: Literatur, Jugend- a Kannerbuch, Sachbuch a Bild- a Konschtbuch. Vun dëser Shortlist konnt da jiddwereen dee matmaache wëll, säi Favorit pro Kategorie wielen[2].

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

2023[änneren | Quelltext änneren]

  • An der Kategorie Literatur huet d'Claudine Muno ënner fënnef Konkurrenten a Konkurrentinne fir hire Roman Dëst ass net däi Liewen (Op der Lay) de Buchpräis 2023 gewonnen.
  • An der Kategorie Sachbuch ass der Germaine Goetzinger hiert biografescht Wierk Aline Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947 - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus (Éditions Guy Binsfeld) vum Jury ausgezeechent ginn.
  • An der Spart vu Kanner-a Jugendliteratur huet D’Rommel Bommel an hir Frënn vun der Charlotte Reuter a Lynn Cosyn (Ernster Éditions) de Jury am meeschten iwwerzeegt.
  • De Publikumspräis geet un Koma21 vun der Anja Di Bartolomeo.
  • Den Designerpräis goung un der Fabienne Hollwege hiert Buch To Live heiβt Leben und Liebe heiβt Love (Éditions Binsfeld).

2022[änneren | Quelltext änneren]

Aus der Shortlist vun dräi Mol fënnef Bicher goufen den 18. November zu Walfer dës Gewënner bekannt ginn[3]:

2021[änneren | Quelltext änneren]

Aus der Shortlist vun am ganze 16 Bicher[4] goufen den 18. November zu Walfer dës Gewënner bekannt ginn[5][6]:

An der Jury waren dat Joer: Marcel Kieffer (Journalist), Isabelle Marinov (Autrice), Romy Liefgen (Libraire),  Miriam Rosner (Grafikerin) a Pascal Seil (Centre national de littérature).

2019[änneren | Quelltext änneren]

  • Kategorie Sachbuch: Mit den Haien streiten (CapyBaraBooks).
  • Kategorie Literatur: Les Bulles (Hydre Editions) vum Tom Reisen
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: So mol, Lobo (Kremart Edition) vun der Christiane Kremer an dem Vincent Biwer
  • Spezialpräis "Coup de coeur" vun der Jury: Zweemol schwaarze Kueder (Op der Lay) vum Gast Groeber
  • Publikumspräis: Dizzy on the Road (Editions Revue) vum Ralph Diseviscourt a Gaston Zangerlé

2018[änneren | Quelltext änneren]

  • Kategorie Sachbuch: Eugène Mousset, le maître d'Esch vum Luciano Pagliarini a Laura Caregari (Éditions Schortgen)
  • Kategorie Literatur: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge vum Nico Helminger (Éditions Guy Binsfeld)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Wooow!!! Lëtzebuerg vum Thomas Schoos a Keong A-Song (Éditions Guy Binsfeld)
  • Publikumspräis: An American in Luxembourg vum Mike McQuaide (Éditions Saint-Paul)
  • Spezial Präis „Design“: Histoires de familles vun der Marie-Hélene Lebeau-Taschereau (Éditions Maison Moderne)
  • Spezial Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury: Subridere. Un aller simple vun der Nathalie Ronvaux (Hydre Éditions)[7].

An der Jury waren: Jay Schiltz (Auteur), Charlotte Ziger (CNL), Jean-Marie Reding (Bibliothecaire), Laurent Daubach (Graphiker) an Nicolas Calmes (Student uni.lu, Gewënner vum Prix Laurence 2017)[8]. D'Präisser ware mat allkéiers 500 Euro dotéiert[7].

2017[änneren | Quelltext änneren]

  • Kategorie Sachbuch: ex aequo: I'm not a refugee vun der Frédérique Buck (Éditions Maison Moderne); Le pays des 3 frontières vum Philippe Stachowski (Édition Klopp)
  • Kategorie Literatur: Aname vum Charel Meder (Op der Lay)
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch:  Telmo vum Roland Meyer (Éditions Op der Lay)
  • Publikumspräis: I'm not a refugee (Éditions Maison Moderne)
  • Spezial Präis „Design“: D'Linn Lynn vum Luc Marteling an Tom Schartz (Kremart Édition)
  • Spezial Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury: Larven vun der Nora Wagener (Hydre Éditons)

An der Jury souzen: Isabelle Spigarelli (Autorin), Claude D. Conter (Direkter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv), Julie Conrad (Designerin), Bea Kneip (RTL), Jeanne Tournau-Offermann (Musel-Sauer Mediathéik) a Sacha Dahm (Student vun der Uni.lu)[9].

2016[änneren | Quelltext änneren]

2015[änneren | Quelltext änneren]

2014[änneren | Quelltext änneren]

2013[änneren | Quelltext änneren]

2012[änneren | Quelltext änneren]

2011[änneren | Quelltext änneren]

2010[änneren | Quelltext änneren]

2009[änneren | Quelltext änneren]

2008[änneren | Quelltext änneren]

2007[änneren | Quelltext änneren]

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: ???
  • Kategorie Literatur: ???
  • Kategorie Sachbuch: ???
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: ???

2006[änneren | Quelltext änneren]

  • Kategorie Bild- a Konschtbuch: ???
  • Kategorie Literatur: ???
  • Kategorie Sachbuch: ???
  • Kategorie Kanner- a Jugendbuch: ???

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Am Jury 2010 waren: Jean-Claude Diderich (Libraire), Jeanne Glesener (Uni Lëtzebuerg), Germaine Goetzinger (Nationales Literaturarchiv), Georges Fautsch (Filmemécher), Claude Mangen (Kulturjournalist). Lëtzebuerger Buchpräis 2010: "Shortlist" publizéiert." rtl.lu, 07.10.2010, 16:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.10.2010, 16:47.
  2. "Lëtzebuerger Buchpräis 2010. Pressemitteilung." op clc.lu.
  3. "Lëtzebuerger Buchpräis: Hei sinn d'Gewënner!" rtl.lu, 18.11.2022 08:32
  4. 16 Titel in der Endauswahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-10-15). Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  5. "Bluttsëffer" gewinnt Literaturpreis. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-11-18). Gekuckt de(n) 2021-11-19.
  6. Lëtzebuerger Buchpräis 2021: De Literaturpräis geet un de Jemp Schuster mat "Bluttsëffer". www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-19.
  7. 7,0 7,1 Gewinner des „Lëtzebuerger Buchpräis“ sind bekannt op wort.lu de 15. November 2018
  8. Ian De Toffoli neie President a Longlist vu Buchpräis mat 57 Wierker op rtl.lu den 23. August 2018, gekuckt de 16. November 2018
  9. Lëtzebuerger Buchpräis 2017 - Preisträger sind bekannt op wort.lu de 16. November 2017
  10. „Lëtzebuerger Buchpräis 2016“ op bicherdeeg.lu, gekuckt den 18. November 2016
  11. „Der Lëtzebuerger Buchpräis wurde verliehen“ op www.luxembourg.lu, dem Internetportal iwwer de Grand-Duché vum Service information et presse, gekuckt den 18. November 2016
  12. „Lëtzebuerger Buchpräis 2014 vergeben - Gast Groeber mit Buchpräis ausgezeichnet“ op wort.lu, gekuckt den 18. November 2016
  13. Lëtzebuerger Buchpräis 2013: And the Winner is... wort.lu - 14.11.2013 18:22
  14. "Didd. Geschicht, Muedebëtzeg, Ketty Thull, Mann aus dem Séi." rtl.lu - 15.11.2012, 17:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.11.2012, 21:16.
  15. "Vier Kategorien, vier Preise". wort.lu, 18.11.2011 06:45.
  16. "Buchpräis 2010 fir Philippart, Muno, Luci a Marteling/Muller" rtl.lu - 19.11.2010, 06:09 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2010, 09:54.
  17. „Lëtzebuerger Buchpräis ë. a. fir Höhlen an Todeswasser op rtl.lu, gekuckt den 19. November 2016
  18. „Buchpräis 2008: Spezialpräis fir de Roger Manderscheid“ op rtl.lu, gekuckt den 19. November 2016