Lambert Schlechter

Vu Wikipedia
Lambert Schlechter
Gebuer 4. Dezember 1941
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter

De Lambert Schlechter, gebuer de 4. Dezember 1941 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

No sengem Studium a Philosophie a Literatur zu Paräis an zu Nanzeg war de Lambert Schlechter Enseignant am Lycée fir Philosophie a franséisch Literatur.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hie war och President vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, vum Conseil national du livre a Vizepresident vun der lëtzebuergescher Sektioun vun Amnesty International. Hie war de Lëtzebuerger Vertrieder am Service international des droits de l'homme zu Genf.

De Lambert Schlechter kënnt aus enger Literaten- a Kënschtlerfamill. Säin Urgrousspapp ass den Theaterschauspiller an Dichter Walter Colling, säi Grousspapp de Schrëftsteller Demy Schlechter, säi Monni de Moler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter, säi Papp den Theaterschauspiller a Radioanimateur Ger Schlechter, seng Sëschteren, d'Molerin a Sculptrice Lysiane Schlechter, an d'Theater- a Filmschauspillerin Annette Schlechter. Hie war mat der Theaterschauspillerin Christiane Wirtz (1950-1989) bestuet, mat däm hien dräi Kanner huet (Anne, Catherine [Kiki] a Paul), duerno, (1997-2006), mat der Choreographin Claire Lesbros.

Vun 2006 bis 2015 huet de Lambert Schlechter zu Eschweiler am Éislek gelieft, wou hien en Haus gelount hat, an deem hien op dräi Stäck seng Bibliothéik ageriicht hat.[1] Bei engem Feier am Abrëll 2015 gouf e groussen Deel vum Haus an och vun der Biliothéik zerstéiert.[2],[3]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Lambert Schlechter a seng Bicher, September 2011 (Foto Pierre Matgé).

Wierker

  • Nichts kapiert, doch alles notiert, Lyrik und Prosa 1968-2014, éditions Guy Binsfeld, 2014, ISBN 9 782879 542874
  • Je est un pronom sans conséquence, petites parleries au fil des jours 3, neuvains, 2014, éditions phi, coll. graphiti, ISBN 978-99959-37-00-3
  • Enculer la camarde, petites parleries au fil des jours 2, neuvains, mat Zeechnunge vum Lysiane Schlechter, 2013, éditions phi, coll. graphiti, ISBN 978-2-87964-199-7
  • Le fracas des nuages, Le murmure du monde 3, éditions Le Castor astral, 2013, ISBN 9 782859 208998
  • Piéton sur la voie lactée, petites parleries au fil des jours, neuvains', mat Zeechnunge vum 'Anne Weyer, éditions phi, coll. graphiti, 2012, ISBN 978-2-87964-195-9
  • Les repentirs de Froberger, quatrains biographiques, mat Zeechnunge vum Nicolas Maldague, éditions La part des anges, 2011, ISBN 978-2-91288-233-2
  • La pivoine de Cervantès et autres proseries, éditions La part commune, 2011, ISBN 978-2-84418-233-3
  • Lettre à Chen Fou et autres proseries, éditions L'Escampette, 2011, ISBN 978-2356080349
  • La trame des jours, (Le murmure du monde 2), fragments, Éditions des Vanneaux, 2010, ISBN 978-2-916071619
  • L'envers de tous les endroits, mat Zeechnunge vum Jean-Marie Biwer, Éditions phi, Collection graphiti, 2010, ISBN 978-2-87962-281-1
  • La robe de nudité, éditions des Vanneaux, 2008
  • Petits travaux dans la maison, éditions phi. collection graphiti, 2008
  • Pourquoi le merle de Breughel n'est peut-être qu'un corbeau, Éditons estuaires, 2008
  • Le murmure du monde et autres fragments, Le Castor Astral, 2006
  • Le monde immodérément, an Zesummenaarbecht mat der Valérie Rouzeau, éditions nuit myrtide, Lille, 2004
  • Le papillon de Solutré, Quatrains, mat Zeechnunge vun der Claire Lesbros, éditions PHI, Lëtzebuerg / Ecrits des Forges, Québec, collection graphiti, 2003
  • Smoky, Chroniken, éditions Le Temps qu'il fait, collection « Lettres du Cabardès », Cognac, 2003
  • Partances, Novellen, éditions L'Escampette, Bordeaux, 2003
  • Honda rouge et cent pigeons, Gedicht, mat Zeechnunge vum Jean-Marie Biwer, éd. PHI, collection Graphiti / Ecrits des Forges, Québec / Arbre à paroles, Amay Belgique, 1994
  • Ruine de parole, Roman, éditions PHI, Luxembourg / Ecrits des Forges, Québec / Arbre à paroles, Amay Belgique, 1993
  • Le silence inutile, Roman, éditions phi, Iechternach, 1991, 2. Oplo 1992, Nei opgeluecht bei La Table Ronde, Paris, 1996
  • Pieds de mouche, kuerz Prosastécker, éditions phi, Iechternach, 1990
  • Angle mort, le livret de la cambuse, Erzielung, éditions phi, Iechternach, 1988, Neioplo 2005 bei éditions L'Escampette, F-86300 Chauvigny (Nationale Literaturpräis 1986)
  • Buntspecht im Hirn, Prosa-Stécker, collection MOL, Déifferdeng, 1982
  • La muse démuselée, Gedichter, mat Zeechnunge vun der Anne Weyer, éditions phi, Iechternach, 1982
  • Das grosse Rasenstück, Gedichter, éditions G. Binsfeld, Lëtzebuerg, 1981

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

De Lambert Schlechter, Juni 2011 (Foto François Besch)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lambert Schlechter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Baurenhaff, op der Nummer 28 an der Duerfstrooss, ass zanter dem 2. Mäerz 2012 als Nationaalt Monument klasséiert.
  2. Bücher Opfer der Flammen. Brand im Haus von Lambert Schlechter. Luxemburger Wort vum 20. Abrëll 2015, S. 19.
  3. Après l'incendie de sa « maison-bibliothèque » de Eschweiler. Une page se tourne. L'écrivain Lambert Schlechter a repris l'écriture et dit « regarder vers l'avenir ». Luxemburger Wort vum 21 Abrëll 2015, S. 16.