Christiane Schlechter-Wirtz

Vu Wikipedia
Christiane Schlechter-Wirtz
Gebuer 18. Juli 1950
Gestuerwen 27. Februar 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller

D'Christiane Schlechter-Wirtz, gebuer den 18. Juli 1950 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 27. Februar 1989, war eng lëtzebuergesch Theaterschauspillerin.

Zwanzeg Joer laang, bis kuerz vrun hirem Doud, huet d'Christiane Schlechter reegelméisseg als Schauspillerin bei Theaterproduktioune matgeschafft, fir d'éischt mam 'Lëtzebuerger Theater' ënner dem Eugène Heinen (Revuen, Stécker vum Norbert Weber a Fernand Hoffmann), duerno mam TOL (Théâtre Ouvert Luxembourg) ënner dem Marc Olinger, mat Stécker aus dem lëtzebuergeschen (Pol Greisch), a virun allem aus dem franséische klasseschen a moderne Repertoire. Déi Stécker goufen am ale Kapuzinertheater opgeféiert, am Sall vum TOL, am neie Kapuzinertheater an am Groussen Theater zu Lëtzebuerg. Tourneeën am Ausland: zu Québec a Kanada, zu Léck an der Belsch an zu Chieti an Italien.

Si war och als Schauspillerin aktiv am literaresche Kabaret, op franséisch an der Trupp vum TOL, ënner der kënschtlerescher Leedung vum Marc Olinger (ë. a. Spectacle Prévert, Spectacle Vian), op däitsch an der Trupp vum Kasemattentheater ënner der kënschtlerescher Leedung vun der Haidy Jacobi (mam Conny Scheel, an als Museker dem Pianist Tony Schuster).

1973 war si Matgrënnerin vum Théâtre ouvert Luxembourg. Zu hirer Erënnerung gouf de Sall vum TOL an der Diddenuewener Strooss an der Stad "Salle Christiane Schlechter" genannt.

Si war mam Lambert Schlechter bestuet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]