Théâtre ouvert Luxembourg

Vu Wikipedia

Den Théâtre ouvert Luxembourg (ofgekierzt: TOL) ass en Ensembel an der Stad Lëtzebuerg, dee franséischsproocheg Theaterstécker spillt.

En ass 1973 ronderëm fënnef engagéiert Theaterfrënn entstanen: Marc Olinger, Ger Schlechter, Henri Losch, Pol Greisch a Christiane Schlechter-Wirtz[1]. Éischten artisteschen Direkter war de Marc Olinger, éischte President de Ger Schlechter.

En ale Spirituosen-Hangar op der Nummer 143 an der Diddenuewener Strooss gouf vun de Membere vum TOL 1984 an en Täschentheater ëmgebaut. Zanterhier huet den TOL do säi feste Sall, deen nom Doud vun der Christiane Schlechter-Wirtz "Salle Christiane Schlechter" genannt gouf.

Artistesch Direktere vum TOL[änneren | Quelltext änneren]

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

TOL asbl[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. Januar 2002 ass e Veräin ënner dem selwechten Numm gegrënnt ginn, fir den Theater ze bedreiwen: Théâtre ouvert Luxembourg asbl.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Am selwechte Joer grënnen de Philippe Noesen an d'Marja-Leena Junker zesummen mat e puer Frënn den Théâtre du Centaure. Cf. Beck 2007
  2. Lëscht vun den Artisteschen Direkteren an der Brochure Théâtre ouvert Luxembourg, Saison 2023-24.
  3. Lëscht vun de Presidenten an der Brochure Théâtre ouvert Luxembourg, Saison 2023-24, [S.6].
  4. Statute vum TOL asbl op Legilux.