Ger Schlechter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ger Schlechter
Gebuer 28. Juni 1915
Lampertsbierg
Gestuerwen 23. Oktober 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Esperantist
Famill
Papp Demy Schlechter
Geschwëster Péil Schlechter

De Ger Schlechter, gebuer den 28. Juni 1915 um Lampertsbierg an der deemoleger Gemeng Rollengergronn, gestuerwen den 23. Oktober 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schauspiller a Radiosanimateur.

1973 war hie Matgrënner vum Théâtre ouvert Luxembourg.

Bei Radio RTL huet hien d'Emissiounen "Wéi d'Zäit vergeet" an "De Potereck mam Ger" moderéiert.

1995 gouf hie mat der Sëlwer-Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.

Hie war de Jong vum Schrëftsteller Demy Schlechter, de Brudder vum Moler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter, an de Papp vun der Schauspillerin Annette Schlechter, der Molerin Lysiane Schlechter an dem Schrëftsteller Lambert Schlechter.

Hie war vun 1969 bis 2000 President vun der AMIPERAS Sektioun Lëtzebuerg an aktiven Esperantist.