RTL Radio Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
RTL Radio Lëtzebuerg
Logo RTL Luxembourg.png
Typ: S.A.
Grënnung: 19. Oktober 1959
Sëtz: CLT-UFA S.A. RTL Group
43, boulevard Pierre Frieden,
L-1543 Lëtzebuerg
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Leedung: Christophe Goossens
Branche: Medien
Um Spaweck: http://www.radio.rtl.lu


RTL Radio Lëtzebuerg ass e Radiossender zu Lëtzebuerg. Et ass deen eelsten a war bis 1992 deen eenzege Sender op Lëtzebuergesch. En ass iwwer UKW 88,9 MHz an 92,5 MHz z'empfänken a gëtt och iwwer Kabel, Internet an, zanter dem September 2009, iwwer Astra 1G (23,5° Ost), verbreet. Bedriwwe gëtt e vun der RTL Group.

Radio Lëtzebuerg, wéi en deemools housch, goung den 19. Oktober 1959, mëttes um 12 Auer, eng éischt Kéier op UKW am Kanal 18 op Sendung. Ufanks waren d'Programmer just vun 12.00 bis 14.00 a vun 18.30 bis 22.00 Auer. Sonndes gouf vu Moies 10 bis Owes 10 gesennt. Wa keng Emissioune waren, ass deen däitschen oder englesche Radiosprogramm vun RTL op där Frequenz ausgestraalt ginn. No an no goufen d'Zäite, wou Radio Lëtzebuerg ze héiere war, ausgebaut; fir d'éischt koum e Moiesprogramm (vu 7.00 bi 9.00) dobäi, dëse gouf méi spéit bis mëttes riicht duerch verlängert, an an den 1980er Jore sinn och nomëttes Emissioune gemaach ginn. Zanter 1986 gëtt de Programm a Stereotoun ausgestraalt, zanter 1996 24/24 Stonnen.

An den 1980-1990er Joren huet de Radio och RTL 92.5 geheescht.

RTL Radio Lëtzebuerg ass deen am meeschte gelauschterten am Land. Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2018.II no lauschteren all Dag 178.300 Leit iwwer 12 Joer RTL Radio Lëtzebuerg. Dat entsprécht 34 % vun der Gesamtbevëlkerung.[1]

De Christophe Goossens ass zënter Januar 2017 Generaldirekter[2], an der Nofolleg vum Alain Berwick[3]. De Roy Grotz ass zënter Januar 2017 u Chefredakter, als Nofollger vum Guy Kaiser, deen an d'Pensioun goung.[4]

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Generaldirektor :

  • Christophe Goossens[5]

Content Director & Deputy CEO :

  • Steve Schmit

Programmchef :

  • David Gloesener

Chefredakter :

  • Roy Grotz

Emissiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Wochen- a Weekendprogramm (säit September 2020):

Méindes bis freides:

  • 06:00 – 10:00: Den RTL Wecker mam Michelle Reiter & Dan Spogen: Trafic, Noriichten, aktuell Theemen, vill Spaass a virun allem gutt Laun. Vu 6 Auer un begleet dësen agespillten Duo Iech duerch de Moiesprogramm.
  • 07:00 – 08:00: Eng Stonn Informatioun, dat sinn Noriichten an Informatiounen aus Lëtzebuerg an aller Welt.
  • 10:00 – 13:00: De Virmëtteg mam Coryse Ludowicy:D’Coryse ënnerhält Iech vum spéide Moien u bis an d'Mëttespaus mat aktuellen Theemen, Diskussiounen a Musek.
  • 12:00 – 13:00: Eng Stonn Informatioun, dat sinn Noriichten an Informatiounen aus Lëtzebuerg an aller Welt.
  • 13:00 – 16:00: De Nomëtten mam Tom Nols: Aktuell Theemen, Musek a villes méi: den Tom suergt fir gutt Stëmmung op der Antenn.
  • 16:00 – 20:00: De Feierowend mam Bob Konsbruck: Vun Trafic-Informatiounen bis Eventer: alles, wat ee wësse muss, fir gutt an de Feierowend ze starten.
  • 18:00 – 19:00: Eng Stonn Informatioun, dat sinn Noriichten an Informatiounen aus Lëtzebuerg an aller Welt.

Samschdes  

  • 06:00 – 10:00: Den RTL Wecker mam Laurent Gillander, Trafic, Noriichten, aktuell Theemen, vill Spaass a gutt Laun stinn de Weekend um Programm.
  • 10:00 – 12:00: Dat gleefs de net, mam Marie Gales a Raoul Roos, sou heescht dat Spill wat ofwiesselend vum Marie a vum Raoul animéiert gëtt. Hei muss de Nolauschterer op Zack si fir déi falsch Ausso erauszefannen a sech fir d’Finale ze qualifizéieren.
  • 12:00 – 13:00: RTL Background, hei ginn aktuell Themen an enger Diskussiounsronn ënnert d’Lupp geholl
  • Vun 18:00 Auer un: D’Sport-Emissioun mam Rich Simon a Fränky Hippert, Live-Schaltungen a Sporteventer vum Weekend

Sonndes

  • 09:00 – 11:00: De Sonndes-Duell mam Gibbes Bertolo : de Gibbes animéiert 10 musikalesch Dueller aus alle Genren a Joerzéngten.
  • 11:00 – 12:00: De Presseclub / 5 vir 12: De Presseclub: Vertrieder vun der geschriwwener Press diskutéieren iwwert d’Aktualitéit vun der vergaangener Woch. 5 vir 12: Eng flott Talk-Ronn mat engem anere Wocheréckbléck.
  • Vu 15:00 Auer un: Sport-Emissioun um Sonndeg mam Jeff Kettenmeyer, Live-Schaltungen a Sporteventer vum Weekend

Noriichten ginn all hallef Stonn gesent. Vun 20.00 Auer un ass Nonstop-Musek ugesot (ausser besonnesch Evenementer oder Sport Live-Schaltungen).

Moderatoren[änneren | Quelltext änneren]

  • Bob Konsbrück, De freie Moien op RTL
  • Camille Ney, Viva La Vida
  • Christiane Kremer, RTL Weekend
  • Coryse Ludowicy, RTL Virmëttesprogramm
  • Dan Spogen, RTL Wecker
  • Fabienne Zwally, Reportage
  • Franky Hippert, Sport-Emissioun
  • Gilbert Bertolo, De Sonndes-Duell
  • Jeff Kettenmeyer, Sport-Emissioun
  • Laurent Gillander, RTL Nomëttesprogramm
  • Marie Gales, Reportage
  • Michèle Schons, Reportage
  • Michelle Reiter, RTL Wecker
  • Patrick Greis, RTL Weekend
  • Raphaëlle Dickes, Reportage
  • Rich Simon, Sport-Emissioun
  • Tom Nols, RTL Feierowend
  • Loïc Juchem ‚,Samschden an Sonnden Nomëtten‘‘

Journalisten[änneren | Quelltext änneren]

  • Roy Grotz, Chefredakter
  • Annick Goerens
  • Carine Lemmer
  • Claude Zeimetz
  • Claudia Kollwelter
  • Dany Rasqué
  • Eric Ewald
  • Fanny Kinsch
  • François Aulner
  • Jean-Marc Sturm
  • Joel Detaille
  • Maxime Gillen
  • Monica Camposeo
  • Monique Kater
  • Nadine Gautier
  • Nico Graf
  • Pit Everling
  • Sascha Georges
  • Tim Morizet

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etude TNS ILRES PLURIMEDIA LUXEMBOURG 2018.II
  2. "Alain Rousseau tritt als Chefredakteur zurück." 25. Januar 2017 um 21:27.
  3. "Alain Berwick (RTL) tire sa révérence." paperjam.lu, 2. Dezember 2016.
  4. "RTL Radio: Roy Grotz succède à Guy Kaiser." paperjam.lu, 09.01.2016.
  5. Christophe Goossens appointed CEO of RTL Luxembourg. 13.01.2017, Luxembourg, RTL Luxembourg