Hertz (Eenheet)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hertz, symboliséiert Hz, ass am Internationalen Eenheetesystem d'Unitéit fir d'Frequenz. Si gëtt d'Zuel vun de Schwéngunge pro Sekonn un, allgemeng och d'Zuel vu sech widerhuelende Virgäng pro Sekonn.

Detailer[änneren | Quelltext änneren]

D'Eenheet gouf 1935 nom däitsche Physiker Heinrich Rudolf Hertz genannt. Si ass op regelméisseg Virgäng déi sech widderhuelen – besonnesch Schwéngungen – limitéiert. D'Schwéngungsform ass dogéint net limitéiert, och d'Frequenze vun net sinusfërmege Schwéngunge ginn an Hertz uginn.

Fir d'Wénkelvitesse, déi och an der Eenheet s−1 ugi gëtt (normgerecht wier d'Eenheet rad/s), gëtt Hz net gebraucht. Datselwecht gëllt fir d'Dréizuel oder Ëmdréiungsfrequenz (DIN 1301-2). Fir Virgäng déi sech onregelméisseg widderhuelen gëtt et eegen Eenheeten (wéi beispillsweis beim Becquerel, bei deem et ëm statistesch variabel radioaktiv Zerfallevenementer geet, fir déi een nëmmen eng Duerchschnëttsquot uginn kann).

1 Hz = 1 s−1 = 1/s

An der Schwéngungsmoosstechnik gëtt d'Dréizuel vun enger Maschinn an Hertz uginn, et schwätzt een da vun Dréifrequenz. Soss gëtt bei Dréizuelen meeschtens d'Zuel vun den Ëmdréiungen pro Minutt uginn, also net an Hz mä an der Eenheet U/min.

Bemierkung: Eng Zuel (hei d'Ëmdréiungen) huet d'Eenheet 1. Allerdéngs ass et zu der Verdäitlechung munnechmol geroden, d'Zuel als Hëllefsmoosseenheet an der Eenheet mat unzeginn.

Dacks gebraucht grouss Eenheete sinn

  • de Kilohertz, kHz, dausend Schwéngungen/Virgäng pro Sekonn
  • de Megahertz, MHz, eng Millioun Schwéngungen/Virgäng pro Sekonn
  • de Gigahertz, GHz, eng Milliard Schwéngungen/Virgäng pro Sekonn
  • den Terahertz, THz, eng Billioun Schwéngungen/Virgäng pro Sekonn

D'Moosseenheet „Hertz“ gouf 1960 vun der CGPM (Conférence Générale des Poids et Mesures) vun engleschsproochege Länner iwwerholl an huet do den Numm cycles per second = cps (Zykle pro Sekund) ersat. Dofir fënnt een a fréierer engleschsproocheger Literatur amplaz vun Hertz nach Bezeechnungen cps oder c/sec.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]