Sekonn

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
10 Sekonnen

D'Sekonn (verkierzt v. lat. pars minuta secunda - wat hanner dem diminuéierte Part (nach eng Kéier) diminuéiert kënnt = sequi) ass d'SI-Basiseenheet vun der Zäit.

Eenheetenzeechen: s, viraals och sec
Formelzeechen: t

Am SI-Eenheetesystem ass d'Sekonn duerch en atomart Zäitnormal definéiert, well een domat eng méi grouss Prezisioun a laangfristeg Konstanz kritt wéi mat der astronomescher Zäitnormaler wéi der Sonnesekonn oder der Ephemeridesekonn.

Eng Sekonn ass der Definitioun no dat 9.192.631.770-facht vun der Period vun der Stralung, déi dem Iwwergank tëscht den zwéin Hyperfeinstrukturniveauen vum Basiszoustand vun den Atome vum Nuklid entsprécht.

Et ass sech dorop festgeluecht ginn, fir datt en duerchschnëttleche Sonnendag, deen enger Dréiung vun der Äerd ëm hir Achs entsprécht, soudatt d'Sonn erëm op der selwechter Plaz ze gesinn ass (dat war déi historesch Definitioun vun der Sekonn), genee 24 · 60 · 60 Sekonne laang ass. Well dat wéinst der Décélératioun vun der Äerdrotatioun (Gezäite-Reiwung) a wéinst e puer onreegelméissegen Ännerungen duerch Magmastréim tëscht der Äerdkuuscht an dem Äerdkär net méi ganz stëmmt, goufe Schaltsekonnen agefouert.

Ganz kuerz Zäite ginn a Millisekonnen, Mikrosekonnen, Nanosekonnen, Picosekonnen oder Femtosekonne gemooss.

Prefix-Schreifweis Bezeechnung Dezimal
1 fs Femtosekonn 0,000 000 000 000 001 s
1 ps Picosekonn 0,000 000 000 001 s
1 ns Nanosekonn 0,000 000 001 s
1 µs Mikrosekonn 0,000 001 s
1 ms Millisekonn 0,001 s
1 s Sekonn 1 s

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]