Kelvin

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat der Temperatureenheet Kelvin. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kelvin (Homonymie).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
William Thomson, Lord Kelvin (1824–1907)

De Kelvin (Eenheetenzeechen: K) ass eng Eenheet fir thermodynamesch Temperaturen, déi fir d'Ausdrécke vun Temperaturdifferenze benotzt gëtt. Et ass eng Basiseenheet am internationalen Eenheetesystem.

Thermodynamesch Temperaturen an Celsius-Temperaturen hunn déi selwecht Skaléierung:

  • 0 K = −273,15 °C (dat ass den absolutten Nullpunkt);
  • 273,15 K = 0 °C;
  • 274,15 K sinn 1 °C asw.;
  • Eng Temperaturdifferenz vun 10 K ass d'selwecht wéi eng Differenz vun 10 °C.

De Kelvin gouf nom William Thomson, dem spéidere Lord Kelvin, benannt, dee mat 24 Joer déi thermodynamesch Temperaturskala agefouert huet.