William Thomson (Physiker)

Vu Wikipedia
William Thomson
Pseudonym Lord Kelvin
Gebuer 26. Juni 1824
Belfast
Gestuerwen 17. Dezember 1907
Largs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universtéit vu Glasgow,
Peterhouse,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Physiker, Astronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser, Politiker, Schrëftsteller, Ingenieur
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, Royal Society of Edinburgh, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

De William Thomson, 1. Baron Kelvin, bekannt als Lord Kelvin oder Kelvin of Largs, OM, GCVO, PC, PRS, FRSE, gebuer de 26. Juni 1824 zu Belfast an Nordirland a gestuerwen de 17. Dezember 1907 zu Netherhall bei Largs a Schottland, war e brittesche Physiker.

Hie war vun 1846 bis 1899 Professer fir theoreetesch Physik zu Glasgow an huet do virun allem um Gebitt vun der Elektrizitéit an der Thermodynamik gefuerscht. 1848 huet en op Basis vum Carnot senger Wäermtentheorie en Artikel publizéiert, an deem en ë. a. eng absolut Temperaturskala agefouert huet, déi no him genannt Kelvin-Skala. Där hir Unitéit "Kelvin" ass an hirer haiteger Form déi international festgeluecht SI-Eenheet vun der Temperatur.

Zesumme mam James Prescott Joule huet de Kelvin 1852 de Joule-Thomson-Effet entdeckt, an 1857 de magnéiteschen AMR-Effet. 1867 huet den Thomson den harmonesche Procédé fir d'Gezäiten ze berechnen entwéckelt, an huet 1872 déi éischt Gezäiterechemaschinn gebaut. Hie war och dru bedeelegt, d'Verleeë vun Telegrafekabelen ënner dem Atlantik virzebereeden an duerchzeféieren an huet dofir 1876 eng eege Maschinn patentéiere gelooss.

Den Thomson huet weiderhin déi Form vum Dréchekompass entwéckelt, déi nach haut am Gebrauch ass, an huet sech och intensiv mat der Elektrizitéit beschäftegt. An deem Kontext huet hien déi no him genannt Thomson-Bréck, d'Schwéngungsequatioun vum Thomson, de Kelvin-Generator entwéckelt an den Thomson-Effekt beschriwwen. Doriwwer eraus huet hien e Spigel-Galvanometer entwéckelt, eng Spannungswo an net zulescht och de Quadranten-Elektrometer. Hien huet am Ganzen iwwer 70 Patenter deposéiert, wat him Unerkennung an e geséchert Akommes garantéiert huet.

Fir seng Aarbechte krut hien eng Hellewull Distinctiounen an Éierentitelen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Thomson, 1. Baron Kelvin – Biller, Videoen oder Audiodateien