Atom

Vu Wikipedia

En Atom, vum algriicheschen ἄτομος (ὕλη) átomos (hýle) „ondeelbar (Matière)“, ass dee klengste cheemesch net weider deelbare Baustee vun der Matière. En Atom besteet aus engem elektresch positiv geluedenen Atomkär, an engem Atommantel aus negativ geluedenen Elektronen. Den Atomkär besteet aus positiv geluedene Protonen an elektresch neutralen Neutronen. En Atom ass am Normalzoustand elektresch neutral; d'Unzuel vun de Protonen an den Elektronen ass dann déi selwecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Atom – Biller, Videoen oder Audiodateien