Proton

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

E Proton ass e schwéieren Elementardeelchen aus der Barioneklass, dee positiv gelueden ass (+1e Elementarluedung). D'Mass vun dësem Elementardeelchen ass liicht méi kleng wéi d'Mass vum Neutron. D'Symbol vun engem Proton ass p oder p+ .

Quarkstruktur vun engem Proton

Protonen an Neutronen, jiddere mat Masse vun ongeféier enger Atommasseneenheet, gi kollektiv als "Nukleone" bezeechent (Deelercher déi an Atomkäre present sinn). Een oder méi Protone sinn am Kär vun all Atom; si sinn en noutwendegen Deel vum Kär. D'Zuel vun de Protonen am Kär ass d'Eegenschaft déi en Element definéiert, a gëtt als atomar Zuel bezeechent (representéiert mam Symbol Z). Well all Element eng individuell Zuel vu Protonen huet, huet all Element seng eegen individuell atomar Zuel.

D'Wuert Proton ass griichesch fir "éischt", an dësen Numm krut de Waasserstoffkär vum Ernest Rutherford am Joer 1920. An de Jore virdrun hat de Rutherford erausfonnt datt de Waasserstoffkär (bekannt als de liichste Kär) aus de Käre vu Stéckstoff mat atomare Kollisioune kéint extrahéiert ginn. Och wa Protonen ursprénglech als fundamental oder elementar Deelercher ugesi goufen, sinn am moderne Standardmodell vun der Deelerchersphysik d'Protonen als Hadrone klasséiert, genee wéi d'Neutronen. Protone sinn aus dräi Valenzquarken zesummegesat: zwéin Up-Quarken mat der Ladung + 2/3e an een Down-Quark mat der Ladung -1/3e.