Elementarluedung

Vu Wikipedia
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Elementarluedung, meeschtens mat bezeechent, ass déi klengst elektresch Luedung, déi fräi existéiert. De Wäert vun dëser physikalescher Naturkonstant läit no der aktueller vum NIST publizéierter CODATA 2018[1]-Recommandatioun bei:

woubäi fir d'Moosseenheet Coulomb steet:

oder
Elementarluedungen.

Zanter 2019 ass de Wäert fir d'Elementarluedung net méi experimentell ze bestëmmen, mä ass op e prezise Wäert festgeluecht.

Experimentell Bestëmmung[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Andrews Millikan huet an deem no no him benannte Versuch fir d'éischt d'Elementarluedung bestëmmt. Heibäi gi mikroskopesch Uelegdrëpsen elektresch opgelueden an dann tëscht zwou Placke vun engem Plackekondensator positionéiert. Tëscht den zwou Placke gëtt en elektrescht Feld ugeluecht an aus dem Verglach vun der Beweegung vun den Uelegdrëpse mat engem an ouni elektrescht Feld (oder aus dem Verglach wann d'elektrescht Feld an opposéiert Richtunge weist), konnt fir d'éischt d'Elementarluedung bestëmmt ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fundamental Physics Constants - elementary charge. physics.nist.gov. Gekuckt de(n) 23.08.2020.