Ernest Rutherford

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Ernest Rutherford
Ernest Rutherford LOC.jpg
Gebuer 30. August 1871
Gestuerwen 19. Oktober 1937
Nationalitéit Neiséiland, Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich (1801-1927)
Educatioun Universitéit vu Canterbury, University of Cambridge, Trinity College
Aktivitéit Chimist, Physiker, Professer
Member vun Order of Merit, Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Ernest Rutherford, gebuer den 30. August 1871 zu Nelson (Neiséiland) a gestuerwen den 19. Oktober 1937 zu Cambridge, war e britesche Physiker.

Hien huet 1902 d'Hypothees opgestallt, datt chemesch Elementer duerch radioaktiven Zerfall an Elementer mat méi niddreger Uerdnungszuel iwwerginn. 1903 huet en d'Radioaktivitéit an Alphastralung, Betastralung a Gammastralung no der positiver, negativer oder neutraler Oflenkung vun de Stralendeelercher an engem Magnéitfeld opgedeelt an en huet de Begrëff vun der Hallefwäertszäit agefouert. Dës Aarbecht gouf 1908 mat dem Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent.

De Rutherford war an de Jore 1925 bis 1930 President vun der Royal Society.

Dem Rutherford säin Experiment[änneren | Quelltext änneren]

De Rutherford huet a sengem Streeexperiment eng ganz dënn Goldfolië mat Alphastrale bombardéiert an op engem Fotosfilm gekuckt, wouhi se ofgelenkt goufen. Dobäi huet hie festgestallt datt déi meescht Strale riicht duerch d'Folië gaange sinn, an nëmmen e puer ofgelenkt an nach manner Alphastrale méi wéi 90° ofgelenkt goufen. Doraus huet hie säin Atommodell entwéckelt.

Den Atommodell nom Rutherford[änneren | Quelltext änneren]

Den Atom besteet haaptsächlech aus Näischt. Ee ganz klenge Kär (Eng Kiischt am Verglach mam Eiffeltuerm) huet all d'Mass an dëse Kär ass positiv gelueden. D'Elektrone schwiere ronderëm dee Kär, sinn negativ gelueden a maachen de Volumen aus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ernest Rutherford – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie