Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz

Vu Wikipedia

D'Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz ass eng Verdéngschtplack, déi d'Actioun Lëtzebuergesch zanter 1984 un eng oder méi Persounen iwwerreecht, fir se fir hiren Asaz fir d'Lëtzebuergescht ze belounen. Déi eigentlech Plaquette mat den Dimensiounen 9,2×5,4 cm ass an engem breeden hëlze Kader agelooss. Si ass aus Bronze, a gëtt jee no Laureat, am Bronze, vergëllt oder versëlwert iwwerreecht. Op der Plaquette sinn, wéi den Numm et scho seet déi dräi lëtzebuergesch Dichter a Schrëftsteller Dicks, Rodange a Lentz duergestallt. Op der Récksäit ass de Logo vun der AL, d'Joreszuel vun der éischter Ausgab, d'Ursaach vun der Éierung, sou wéi den Datum vun der Iwwerreechung agravéiert. D'Plaquette gouf vun der lëtzebuergescher Medailleurskoppel Julien an Nina Lefèvre realiséiert an an den Ateliere Fibru-Fisch zu Bréissel gegoss[1].

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

Gëlle Plaquette[änneren | Quelltext änneren]

1989 Henri Rinnen fir säin Asaz op ville Pläng an der AL
2003 Lex Roth fir säin onermiddlechen Asaz, op alle Pläng, fir eis Sprooch
2012 René Faber fir seng Verdéngschter als Grënnungsmember a laangjärege President vun der AL
2021 Alain Atten fir säi ganzt Wierk a seng Verdéngschter iwwer a fir eis Sprooch

Sëlwer Plaquette[änneren | Quelltext änneren]

1984 Pierre Werner Fir Lëtzebuergesch als Nationalsprooch am Gesetz ze verankeren
Robert Krieps fir Koherenz am Geschriwwenen eranzebréngen duerch den Arrêté fir d'Orthographie
1985 Tit Schroeder als Lyriker an Auteur vu villen Theaterstécker
1986 Chrétien Clement als Dichter
Lily Unden fir Lëtzebuerger Konscht
1987 Will Flener fir seng Essayen, Theaterstécker a Bicher
1988 Pir Kremer fir säi Stamminee um Radio, d'Revuen am Theater a seng aner Wierker
1989 Will Reuland fir säin Asaz beim Dictionnaire a säi Gesamtwierk fir d'Sprooch
1990 Norbert Weber dee se aus perséinleche Grënn net wollt behalen a se zeréckgeschéckt huet
1991 René Kartheiser fir säi Wierk an eiser Sprooch
1992 Néckel Kremer als Resistenzler an Auteur vu fënnef Bicher an deem Kontext
1993 Paul Leesch fir seng Sproochinitiativen am Cactus
1994 Jean Hengen fir eis Sprooch an der Kierch
Fernand Franck
1995 Ger Schlechter fir seng intressant Emissioune ronderëm den Alter an eis Sprooch
Pe'l Schlechter fir säi Wierk a Lëtzebuerger Sprooch
1996 Pol Greisch als Auteur vu Bicher an Theaterstécker
1997 Alain Atten als Spezialist vun eiser Sprooch
1998 Josy Braun fir säi Wierk a seng Impulser an der Orthographie
1999 Aloyse Raths fir d'Schreifweis op eng exemplaresch Fassong un d'Schoulmeeschtesch-Studente bruecht ze hunn
2000 Norbert Stomp fir den Direkter vum Natur musée a seng Mataarbechter
2001 Henri vu Lëtzebuerg fir den exemplareschen Asaz fir Lëtzebuerg heibannen an dobaussen
Maria Teresa Mestre
2002 Jeanine Theis-Kauth fir hiert Wierk als Auteur vu Spréchelcher Geschichten a Gedichter
2004 Fernand Lorang fir seng Verdéngschter ëm eis Sprooch, apaart am Minett
2005 Germaine Goetzinger fir den 10. Gebuertsdag vum CNL a fir hiren Asaz
2007 Emil Angel fir seng Verdéngschter fir eis Sprooch a Bicher an an der Press
2008 Patrice Schonckert fir d'Opschaffe vun de Lëtzebuerger Flouer- a Stroossennimm
2009 Claude Bache fir den Evangeliar op Lëtzebuergesch
Fränz Biver
Jeannot Gillen
Carine Hensgen
2010 Pol Pütz als Literat, Revuë-Schreiwert a Léiermeeschter
2014 Christiane Ehlinger fir hir Verdéngschter, Lëtzebuergesch als Schreifsprooch ze benotzen a virun allem Kannerbicher op Lëtzebuergesch
2017 Gemeng Walfer als Initiator vun de Walfer Bicherdeeg wou ons Sprooch eng gutt Plaz huet
2018 Mil Goerens fir säi Wierk a besonnesch déi dräi Bänn Eiser Soen
2019 Jérôme Lulling fir säi Wierk an der Sprooch an iwwer d'Sprooch
2021 Wikimedia Lëtzebuerg a.s.b.l. fir hir sëllegen Artikelen op Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch.
2022 Jean Kandel fir séng Verdéngschter ëm d'Lidder a Lëtzebuerger Sprooch

Bronze Plaquette[änneren | Quelltext änneren]

2022 Clara Moraru fir hiren Asaz fir eis Sprooch.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vun de meeschten Informatiounen: Actioun Lëtzebuergesch: 50 Joer fir eis Sprooch! 1971-2021. Izeg 2021, S.22-23. ISBN 978-2-9199629-1-4